D'Ursula von der Leyen .
D'Kommissioun von der Leyen II ass de Collège vun Europäesche Kommissären ënner der Presidentin Ursula von der Leyen . Si ass zanter dem 1. Dezember 2024 am Amt. Si ass d'Nofollgerin vun der Kommissioun von der Leyen I . Si besteet aus der Presidentin a 27 Kommissären wouvunner der 7 Vizepresident sinn.
Am Juni 2024 gouf d'Ursula von der Leyen mat grousser Majoritéit vum Europäesche Parlament fir eng zweet Amtszäit gewielt.
Déi eenzel Kommissäre ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vun der Presidentin erausgesicht; et ass och si, déi hir Aarbechtsberäicher festleet.
Wéi schonn an den zwee viregte Kommissiounen ginn et och dës kéier eng Grupp „Exekutiv Vizepresidenten“, déi eng Stellung ënnert de Kommissären anhuelen a méi Ressorten leeden. D'Positioun vun den „einfache“ Vizepresidenten, wéi an der viregter Kommissioun, gëtt et an dëser net méi.
Ressort
Kommissär/-in
Memberstaat
national Partei
europäesch Partei
Foto
Presidentin
Ursula von der Leyen
Däitschland
Christlich Demokratische Union Deutschlands
Europäesch Vollekspartei
Exekutiv Vizepresidentin;
Propper, gerecht a kompetitiv Transitioun;
Konkurrenz
Teresa Ribera
Spuenien
Partido Socialista Obrero Español
Partei vun den Europäesche Sozialisten
Exekutiv Vizepresidentin;
Digital- a Grenztechnologien
Henna Virkkunen
Finnland
Kansallinen Kokoomus
Europäesch Vollekspartei
Exekutive Vizepresident;
Industrie, KME a Bannemaart
Stéphane Séjourné
Frankräich
Renaissance
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Vizepresidentin; Héich Representantin fir Aussen- a Sécherheetspolitik
Kaja Kallas
Estland
Eesti Reformierakond
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Exekutiv Vizepresidentin;
Ausbildung, Bildung a Kultur, héichwäerteg Aarbechtsplazen a sozial Rechter
Roxana Mînzatu
Rumänien
Partidul Social Democrat
Partei vun den Europäesche Sozialisten
Exekutive Vizepresident;
Regionalentwécklung a Stied
Raffaele Fitto
Italien
Fratelli d'Italia
Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten
Handel an ekonomesch Sécherkeet;
Interinstitutionell Bezéieungen an Transparenz
Maroš Šefčovič
Slowakei
SMER
keng
Ekonomie a Produktivitéit, Ëmsetzung a Vereinfachung
Valdis Dombrovskis
Lettland
Vienotība
Europäesch Vollekspartei
Nohaltege Verkéier an Tourismus
Apostolos Tzitzikostas
Griicheland
Nea Dimokratia
Europäesch Vollekspartei
Bannescht Affären a Migratioun
Magnus Brunner
Éisträich
Österreichische Volkspartei
Europäesch Vollekspartei
Startups, Fuerschung an Innovatioun
Ekaterina Sachariewa
Bulgarien
GERB
Europäesch Vollekspartei
Landwirtschaft an Ernierung
Christophe Hansen
Lëtzebuerg
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Europäesch Vollekspartei
Klima a proppere Wuesstum;
Steieren
Wopke Hoekstra
Holland
Christen-Democratisch Appèl
Europäesch Vollekspartei
Budget, Bedruchsbekämpfung an ëffentlech Verwaltung
Piotr Serafin
Polen
Platforma Obywatelska
Europäesch Vollekspartei
Ëmwelt, Waasserresilienz a kompetitiv Kreeslafekonomie
Jessika Roswall
Schweden
Moderata samlingspartiet
Europäesch Vollekspartei
Finanzdéngeschtleeschtungen; Spuer- an Investitiounsunioun
Maria Luís Albuquerque
Portugal
Partido Social Democrata
Europäesch Vollekspartei
Fëscherei an Ozeaner
Costas Kadis
Zypern
keng
Europäesch Vollekspartei
Resilienz a Krisemanagement, Gläichstellung
Hadja Lahbib
Belsch
Mouvement réformateur
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Generatiounegerechtegkeet, Jugend, Kultur a Sport
Glenn Micallef
Malta
Partit Laburista
Partei vun den Europäesche Sozialisten
Energie a Wunnen
Dan Jørgensen
Dänemark
Socialdemokraterne
Partei vun den Europäesche Sozialisten
Erweiderung, Ëstlech Partnerschaft an Nees-Opbau vun der Ukrain
Marta Kos
Slowenien
keng
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Mëttelmier (Euro-mediterran Partnerschaft)
Dubravka Šuica
Kroatien
Hrvatska demokratska zajednica
Europäesch Vollekspartei
Gesondheet an Déiereschutz
Olivér Várhelyi
Ungarn
keng
keng
International Partnerschaften
Jozef Síkela
Tschechesch Republik
Starostové a nezávislí
Europäesch Vollekspartei
Verdeedegung a Raumfaart
Andrius Kubilius
Litauen
TS
Europäesch Vollekspartei
Demokratie, Justiz a Rechtsstaatlechkeet
Michael McGrath
Irland
Fianna Fáil
Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa