Ursula von der Leyen

Vu Wikipedia
Ursula von der Leyen
Gebuertsnumm Ursula Gertrud Albrecht
Pseudonym Rose Ladson
Gebuer 8. Oktober 1958
Ixelles
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Medizinische Hochschule Hannover,
Universitéit Göttingen,
Westfälische Wilhelms-Universität,
London School of Economics
Aktivitéit Dokter, Politiker, Reider
Partei CDU
Member vun EU Parlamentariergrupp Däitsche Bundestag
D'Ursula von der Leyen, de 16. Juli 2019 virum Europaparlament.

D'Ursula von der Leyen, gebuer als Ursula Gertrud Albrecht, den 8. Oktober 1958 zu Ixelles an der Regioun Bréissel, ass eng däitsch Politikerin (CDU).

Zanter dem 1. Dezember 2019 ass si, als éischt Fra, Presidentin vun der Europäescher Kommissioun.

Virdru war si vun 2009 bis 2019 Deputéiert am Däitsche Bundestag a vun 2005 bis 2019 Ministesch an de verschiddene Regierunge vun der Kanzlerin Angela Merkel, dovun tëscht 2013 an 2019 Verdeedegungsministesch.

Studium a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Ursula von der Leyen staamt aus enger norddäitscher Famill an ass zu Bréissel gebuer, well hire Papp do fir eng vun de Virgängerorganisatioune vun der EU geschafft huet. Hire Papp ass den Ernst Albrecht, deen tëscht 1976 an 1990 Ministerpresident vun Niedersachsen war. Bis 1971 ass si an der Belsch an du spéider an Italien opgewuess. Vun 1977 bis 1980 huet si Ekonomie zu Göttingen an zu Münster studéiert. An den 1980er huet si Medezin studéiert a gouf 1987 Doktesch. Si huet och an deem Beruff geschafft éier si tëscht 1992 an 1996 mat hirer Famill a Kalifornien wunne gaangen ass, wou hire Mann op enger Universitéit aktiv war. No hirem Retour an Däitschland huet si vun 1998 bis 2002 als wëssenschaftlech Mataarbechterin am Departement fir Epidemiologie, Sozialmedezin a Gesondheetssystemfuerschung op der Medizinische Hochschule Hannover geschafft, wou si 2001 den akadeemesche Grad vun engem Master of Public Health (MPH) krut.

Zënter 1990 ass d'von der Leyen Member vun der CDU. Vun 2001 bis 2004 war si am Gemengerot vun der Stad Sehnde an do och d'Presidentin vun der CDU-Fraktioun. 2003 ass si an d'Landesparlament vun Niedersachsen gewielt ginn. Am selwechte Joer huet den deemolegen niedersächsesche Ministerpresident Christian Wulff si als Ministesch fir Soziales, Fraen, Famill a Gesondheet beruff. Dat Mandat hat si bis 2005 an huet et opginn, well si eng Ministeschplaz an der Bundesregierung ugeholl huet. Vun 2005 bis 2009 war si Ministesch fir Famill, Senioren, Fraen a Jugend an der éischter Regierung vun der Kanzlerin Angela Merkel. Vun 2009 bis 2013 war si Bundesministesch fir Aarbecht a Soziales. Vun Dezember 2013 bis September 2019 war d'Ursula von der Leyen Verdeedegungsministesch an der drëtter a véierter Regierung vun der Angela Merkel.

Vun 2009 bis 2019 souz si am Däitsche Bundestag.

Am Juli 2019 huet den Europäesche Conseil vun de Staats- a Regierungscheffen d'Ursula von der Leyen fir d'Plaz vun der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun nominéiert. D'Europäescht Parlament huet de 16. Juli 2019 dës Propositioun guttgeheescht. Nodeems d'Parlament am Hierscht d'Kandidate fir de Collège vu Commissairen approuvéiert hat, huet si den 1. Dezember 2019 hiert Mandat ugetrueden.

Presidentin vun der Europäescher Kommissioun[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kommissioun Von der Leyen.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Zënter 1986 ass d'Ursula von der Leyen mam Medezinprofesser an Entreprener Heiko von der Leyen bestuet. Si hunn zesumme siwe Kanner, déi tëscht 1987 an 1999 gebuer goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ursula von der Leyen – Biller, Videoen oder Audiodateien