Op den Inhalt sprangen

Kommissioun von der Leyen I

Vu Wikipedia
D'Ursula von der Leyen.

D'Kommissioun von der Leyen I ass de Collège vun Europäesche Kommissären ënner der Presidentin Ursula von der Leyen. Si huet den 1. Dezember 2019 hir Funktioun ugetrueden als d'Nofollgerin vun der Kommissioun Juncker. Si bestoung aus der Presidentin a bis den 31. Januar 2020 aus 28 Kommissären wouvunner der 7 Vizepresident sinn. Nom Brexit waren et der 27 Kommissären.

Am Juli 2019 hu ronn 65% Deputéiert vum Europäesche Parlament fir d'Ursula von der Leyen gestëmmt. Si war déi éischt Kommissiounspresidentin vun der Europäescher Union.

Déi eenzel Kommissäre ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vun der Presidentin erausgesicht; et ass och si, déi hir Aarbechtsberäicher festleet.

D'Ekipp vun der Kommissioun von der Leyen I

[änneren | Quelltext änneren]
Ressort Kommissär/-in Memberstaat national Partei europäesch Partei Foto
Presidentin Ursula von der Leyen Däitschland Christlich Demokratische Union Deutschlands Europäesch Vollekspartei
Vizepresidentin; Konkurrenz Margrethe Vestager Dänemark Det Radikale Venstre Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Vizepresidentin; Handel Waldis Dombrovskis Lettland Lettland Vienotība Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Vizepresident;
Héiche Representant fir Aussen- a Sécherheetspolitik
Joseph Borell Spuenien Partit dels Socialistes de Catalunya Partei vun den Europäesche Sozialisten
Vizepresidentin; Wäerter an Transparenz Věra Jourová Tschechesch Republik ANO 2011 Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Vizepresident; Europäesch Liewensweis Margaritis Schinas Griicheland Nea Dimokratia Europäesch Vollekspartei
Vizepresident; Institutionnel Bezéiungen;
zanter Oktober 2023: European Green Deal
Maroš Šefčovič Slowakei keng keng
Vizepresidentin; Demokratie an Demographie Dubravka Šuica Kroatien Hrvatska demokratska zajednica Europäesch Vollekspartei
Haushalt a Verwaltung Johannes Hahn Éisträich Österreichische Volkspartei Europäesch Vollekspartei
Justiz a Rechtsstaatlechkeet Didier Reynders Belsch Mouvement Réformateur Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet Stella Kyriakides Zypern Dimokratikos Synagermos Europäesch Vollekspartei
Energie Kadri Simson Estland Eesti Keskerakond Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
International Partnerschaften Jutta Urpilainen Finnland Suomen Sosialidemokraattinen Puolue Partei vun den Europäesche Sozialisten
Bannemaart Thierry Breton Frankräich keng keng
EU-Noperschaftspolitik an Erweiderungsverhandlungen Olivér Várhelyi Ungarn Fidesz keng
Ekonomie Paolo Gentiloni Italien Partito Democratico Partei vun den Europäesche Sozialisten
Ëmwelt an Ozean Virginijus Sinkevičius Litauen Lietuvos valstiečių ir žaliųjų sąjunga keng
Beschäftegung a sozial Rechter Nicolas Schmit Lëtzebuerg Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei Partei vun den Europäesche Sozialisten
Gläichstellung Helena Dalli Malta Partit Laburista Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Landwirtschaft Janusz Wojciechowski Polen Prawo i Sprawiedliwość Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten
Regionalpolitik Elisa Ferreira Portugal Partido Socialista Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Verkéier Adina Vălean Rumänien Partidul Național Liberal Europäesch Vollekspartei
Humanitär Hëllef a Krisemanagement Janez Lenarčič Slowenien keng keng
Bannescht Sécherheet Ylva Johansson Schweden Sveriges socialdemokratiska arbetareparti Partei vun den Europäesche Sozialisten
Finanzdéngschtleeschtung, Finanzstabilitéit a Kapitalmäert Phil Hogan (bis August 2020) Irland Fine Gael Europäesch Vollekspartei
Mairead McGuinness (zanter Oktober 2020) Irland Fine Gael Europäesch Vollekspartei
Innovatioun a Jugend Marija Gabriel (bis Mee 2023) Bulgarien GERB Europäesch Vollekspartei
Iliana Iwanowa (zanter September 2023) Bulgarien GERB Europäesch Vollekspartei
Klimaschutz Frans Timmermans (bis August 2023) Holland Partij van de Arbeid Partei vun den Europäesche Sozialisten
Wopke Hoekstra (zanter Oktober 2023) Holland Christen-Democratisch Appèl Europäesch Vollekspartei
Commons: Kommissioun von der Leyen I – Biller, Videoen oder Audiodateien