Partito Democratico

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
Via Sant'Andrea delle Fratte
16 - 00187 Roum
Italien
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 14. Oktober 2007
Memberen: 385.320 (2015)[1]
Ideologie: sozialdemokratesch
chrëschtlechsozial
lénksliberal
Faarwen: Rout a gréng
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Sozialisten
Websäit: www.partitodemocratico.it

De Partito Democratico (kuerz: PD, italieenesch fir Demokratesch Partei) ass eng sozialdemokratesch italieenesch politesch Partei. Si ass 2007 mat der Fusioun vu verschidde Mëtt-Lénkse Parteien entstanen, déi schonn 2006 zur Walallianz L'Unione gehéiert hunn. Déi gréisst Parteie waren d'Democratici di Sinistra, de Successeur vun der italieenescher Kommunistescher Partei, an Democrazia è Libertà – La Margherita. Am PD spillen déi chrëschtlech Lénk eng wichteg Roll.

Nom Récktrëtt vum Silvio Berlusconi als Ministerpresident am November 2011 huet de PD dem Mario Monti seng technokratesch Regierung extern ënnerstëtzt. Zënter Abrëll 2013 waren dräi Demokraten noenee Regierungschef an Italien: den Enrico Letta bis Februar 2014, de Matteo Renzi bis Dezember 2016 an direkt nom Renzi de Paolo Gentiloni bis Juni 2018.

Sekretäre vum PD[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Partito Democratico – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Huffington Post (online): Pd, iscritti in aumento a 385mila. Lorenzo Guerini: "Siamo un partito vivo". E rilancia la legge (20. Februar 2016)