Mario Monti

Vu Wikipedia
Mario Monti
Senateur op Liewenszäit
zanter dem 9. November 2011
President vu Scelta Civica
16. Mee - 17. Oktober 2013
Virgänger Andrea Riccardi
Nofollger Alberto Bombassei
Ausseminister
26. Mäerz - 28. Abrëll 2013
Virgänger Giulio Terzi di Sant'Agata
Nofollger Emma Bonino
President vum Ministerrot
16. November 2011 - 28. Abrëll 2013
Virgänger Silvio Berlusconi
Nofollger Enrico Letta
Ekonomie- a Finanzminister
16. November 2011 - 11. Juli 2012]]
Virgänger Giulio Tremonti
Nofollger Vittorio Grilli
Europäesche Komissär fir Konkurrenz
16. September 1999 - 31. Oktober 2004
Virgänger Karel Van Miert
Nofollger Neelie Kroes
Biographie
Nationalitéit Italien
Gebuer 19. Mäerz 1943
Varese
Educatioun Yale Universitéit
Member vun Accademia Nazionale dei Lincei, Académie des sciences morales et politiques

De Mario Monti, gebuer den 19. Mäerz 1943 zu Varese an Italien, ass en italieeneschen Ekonomist a Politiker dee kenger politescher Partei ugehéiert. Hie war tëscht 2011 an 2012 Finanzminister an tëscht 2011 an 2013 Ministerpresident vun Italien. An Kontext vun der italieenescher Scholdekris war hien de Chef vun enger technokratescher Regierung.

Studium an Universitéitscarrière[änneren | Quelltext änneren]

De Mario Monti huet op der Wirtschaftsuniversitéit Luigi Bocconi zu Mailand zum Dokter an der Ekonomie promovéiert an huet e Postgraduéierte-Studium op der Yale Universitéit an den USA absolvéiert.

Hie war Professer op den Universitéite Mailand, Trient an Turin. Un der Bocconi-Universitéit war hie vun 1989 bis 1994 Rekter, duerno President bis 1999 an nees vun 2004 un.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

1995 gouf hien an der Europäescher Kommissioun Kommissär fir de Bannemaart an duerno, vun 1999 bis 2004, Kommissär fir d'Konkurrenz.

Den 9. November 2011 huet den italieenesche Staatspresident Giorgio Napolitano hien "Senateur op Liewenszäit" ernannt[1] an den 13. November 2011, nom Récktrëtt vum Silvio Berlusconi, chargéiert eng Iwwerganksregierung op d'Been ze setzen. Hie gouf de 16. November als Regierungschef vereedegt.

Den 21. Dezember 2012 huet de Mario Monti säi Récktrëtt als Ministerpresident ugekënnegt, nodeems hien dat versprach hat soubal de Budget 2012 passéiert wier. Uganks hat hie gesot, e géif nëmme sou laang am Amt bleiwen, bis virgezu Wale kéinte gehale ginn, mä den 28. Dezember huet hien annoncéiert, datt hiet géif probéiere Ministerpresident ze bleiwen andeems e sech zur Wal stellt. Dat huet hien als Leader vun der zentristescher Koalitioun Scelta Civica gemaach. Bei de Walen de 24. Februar 2013 ass déi mat 10,5% vun de Stëmmen awer nëmmen op déi véiert Plaz komm. De Monti ass Ministerpresident bliwwe bis dem Enrico Letta seng Regierung den 28. Abrëll hir Aarbecht opgeholl huet.

Memberschaft a soss Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

2004 bis 2008 war de Monti Member vum Conseil d'administration vum Think Tank BRUEGEL an tëschenduerch säi President. 2010 war e Matgrënner vun der Spinelli-Grupp, déi sech fir en europäesche Federalismus asetzt. Hien ass ausserdeem Member vun der Presidence vun der Bilderberg-Konferenz[2] a Member vun der Trilateral Commission.[3] Hie war Consultant fir Goldman Sachs a Coca-Cola.[4]

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Mario Monti ass bestuet an huet zwee Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mario Monti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mario Monti zum Senator auf Lebenszeit ernannt. In: Spiegel Online, 9. November 2011
  2. Steering Committee Bilderberg-Konferenz Gearchiveerd op 2011-11-09. Gekuckt de(n) 2011-11-14.
  3. Mario Monti bei trilateral.org
  4. Brussels Economic Forum 2009.