Enrico Letta

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Enrico Letta (2013).

Den Enrico Letta, gebuer den 20. August 1966 zu Pisa, ass en italienesche Politiker, Member vum Partito Democratico. Vum 28. Abrëll 2013 bis de 14. Februar 2014[1] war hie Ministerpresident vun Italien.

Den Enrico Letta huet op der Universitéit Pisa Politikwëssenschaft studéiert an duerno mat enger Fuerschungsaarbecht am europäeschen Droit op der Scuola Superiore Sant’Anna zu Pisa promovéiert.

Hie war vun 1991 bis 1995 President vun der Jugendorganisatioun vun der Europäescher Vollekspartei an duerno Generalsekretär vum Euro-Comité am italienesche Finanzministère. 1996-1997 war en delegéierte President vun der Partito Popolare Italiano, dunn, vun 1998-1999 italieneschen Europaminister, Industrieminister (1999–2001) a Porte-parole fir ekonomesch Theme vun der Partei La Margherita – Democrazia è Libertà (2001–2007).

Bei den Wale fir d'europäescht Parlament 2004 gouf de Letta op der Lëscht vu L'Ulivo an d'Europäescht Parlament gewielt, wou e bis 2006 fir d'Fraktioun Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa souz.

2006, no den italienesche Parlamentswalen ass hie fir d'Margherita-Partei an d'italienesch Chamber gewielt ginn. An der Regierung Prodi II gouf hie Staatssekretär beim Ministerpresident ernannt.

2007 war de Letta ee vun de 45 Grënnungsmembere vun der Partito Democratico (PD), déi aus der Fusioun vu Lénks- a Chrëschtdemokraten entstanen ass.

Hien ass fir d'zweet bestuuet mat der Gianna Fregonara, enger Journalistin vun der Dageszeitung Corriere della Sera. D'Koppel huet dräi Kanner.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Costruire una cattedrale. Perché l'Italia deve tornare a pensare in grande. Mondadori, Mailand 2009, ISBN 978-8-80459050-7
  • In questo momento sta nascendo un bambino. Rizzoli, Mailand 2007, ISBN 978-8-81701988-0
  • L'Europa a venticinque. Il Muliono, Bologna 2006, ISBN 978-8-81511015-2
  • La comunità competitiva. L'Italia, le libertà economiche e il modello sociale europeo. Donzelli, Rom 2001, ISBN 978-8-87989625-2
  • Passaggio a nord-est. L'unione europea tra geometrie variabili, cerchi concentrici e velocità differenziate. Il Muliono, Bologna 1994, ISBN 978-8-81504834-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enrico Letta – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Enrico Letta – Zitater

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Machtkampf in Italien: Italiens Premier Letta hat sein Amt niedergelegt." spiegel.de, 2014-02-14, 14:08.