Europäesch Vollekspartei

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
Rue du Commerce
Handelsstraat 10
Bréissel, B-1000
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 8. Juli 1976
Ausriichtung: konservativ
chrëschtlech-demokratesche
pro-europäesch
Fraktioun: Fraktioun vun der Europäescher

Vollekspartei (EVP)

Faarf: Blo
Websäit: www.epp.eu

D'Europäesch Vollekspartei (en.: European People's Party (EPP); fr.: Parti populaire européen (PPE); de.: Europäische Volkspartei (EVP)) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si gouf 1976 vun europäesche chrëschtleche Parteie gegrënnt a setzt sech haut aus chrëschtlech-demokrateschen an anere konservative Parteien aus dem Mëtt-rietse Spektrum zesummen.

Memberparteie sinn ënner anerem d'CSV (Lëtzebuerg), d'CDU (Däitschland), d'Republikaner (Les Républicains, Frankräich), de Partido Popular (Spuenien) an d'Forza Italia.

Bei den Europawalen 2019 krut d'Fraktioun vun der EPP 182 Deputéiert, dat si 24,23% vun de 751 Membere vum Europaparlament.[1] Déi Zuel wäert sech nom Brexit änneren, wann déi brittesch Deputéiert hire Sëtz am Parlament verléieren.

Commons: Europäesch Vollekspartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. European Parliament: 2019 - 2024 (2. Juli 2019)