Centro Democrático e Social - Partido Popular

Vu Wikipedia
Centro Democrático e Social – Partido Popular
Ofkierzung CDS-PP
President Nuno Melo
Gegrënnt Juli 1974
Parteizentral Lgo Adelino Amaro da Costa, 5
1149-063 Lisboa
Jugendorganisatioun Juventude Popular (JD)[1]
Ideologie Chrëschtlech Demokratie
Nationalkonservatismus
Wirtschaftsliberalismus
Politesch Positioun Riets
National Affiliatioun AD (1979–1983)
PàF (2015)
AD (2024)
Europäesch Affiliatioun EVP
Europäesch Parlamentsgrupp EVP
Faarf Blo
Websäit
https://cds.pt/


D'CDS-PP (Centro Democrático e Social – Partido Popular, op Lëtzebuergesch "Demokrateschen a Sozialen Zentrum Vollekspartei) ass eng rietskonservativ Partei a Portugal.

No der Oeillets-Revolutioun ass d'Vollekspartei 1975 fir d'éischt an der Assemblée constituante (Assembleia Constituinte) gewielt ginn a war duerno ouni Ënnerbriechung vun 1976 bis 2022 am portugisesche Parlament vertrueden. Si huet e puermol, mat verschiddene Koalitiounspartner, d'portugisesch Regierung gestallt. De President vun der Partei ass zënter 2022 den Nuno Melo.[2]

D'CDS-PP gëtt vun engem Deputéierten am Europaparlament vertrueden. Um europäeschen Niveau war d'CDS-PP laang Zäit Member vun den Europäesche Demokraten, enger EU-skeptescher Allianz vu konservative Parteien, déi eng Fraktiounsgrupp mat der Europäescher Vollekspartei (EPP) am Europaparlament gegrënnt huet. D'CDS-PP huet sech awer duerno bei der EPP ugeschloss. Op internationalem Niveau ass d'Partei Member vun der International Democratic Union (IDU).

Obwuel d'CDS-PP ursprénglech als Zentrumspartei gegrënnt gi war, wat och am Parteinumm reflektéiert gëtt, representéiert se haut konservativ bis rietskonservativ Positiounen. D'CDS-PP fuerdert eng restriktiv Immigratiounspolitik a steet der kathoulescher Kierch no.

Parteipresidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974–1982: Diogo Freitas do Amaral
  • 1982-1985: Francisco Lucas Pires
  • 1985–1986: Adriano Moreira
  • 1986–1992: Diogo Freitas do Amaral
  • 1992-1997: Manuel Monteiro
  • 1997-2005: Paulo Portas
  • 2005–2007: José Ribeiro e Castro
  • 2007-2016: Paulo Portas
  • 2016–2020: Assunção Cristas
  • 2020-2022: Francisco Rodrigues dos Santos
  • zënter 2022: Nuno Melo

Walresultater zënter 1976[änneren | Quelltext änneren]

Walresultater vun der CDS-PP bei Nationale Chamberwalen[3]
Joer Zuel vun de Stëmmen Stëmmen a % Sëtz Parteipresident
1976 876.077 16,0 % 42 Freitas do Amaral
1979 43 Freitas do Amaral
1980 46 Freitas do Amaral
1983 716.705 12,6 % 30 Freitas do Amaral
1985 577.580 10,0 % 22 Lucas Pires
1987 251.987 4,4 % 4 Lucas Pires
1991 254.317 4,4 % 5 Manuel Monteiro
1995 534.470 9,1 % 15 Manuel Monteiro
1999 451.643 8,3 % 15 Paulo Portas
2002 477.350 8,7 % 14 Paulo Portas
2005 416.415 7,2 % 12 Paulo Portas
2009 592.778 10,4 % 21 Paulo Portas
2011 653.888 11,7 % 24 Paulo Portas
2015 Walallianz PàF (Portugal à Frente)

Koalitioun: PPD/PSD.CDS-PP

18 Paulo Portas
2019 221.774 4,2 % 5 Assunção Cristas
2022 90.539 1,6 % 0 Francisco Rodrigues dos Santos
2024 Walallianz AD (Aliança Democrática)

Koalitioun: PPD/PSD.CDS-PP.PPM

nach onbekannt Nuno Melo

Keng Deputéierte méi am Parlament[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréi Parlamentswale vum Januar 2022 waren eng Katastroph fir d'CDS-PP. Mat nëmmen 1,6% vun de Stëmme sinn all Sëtzer verluer. Nom schlëmmste Walresultat an der Parteigeschicht huet de Francisco Rodrigues dos Santos als President vun der CDS-PP demissionéiert. D'Evenement huet eng intern Kris ausgeléist. A verschiddene Fore bannent an ausserhalb vun der Partei goufen a ginn och Froen iwwer d'Existenzrecht vun der CDS-PP diskutéiert.

Op der Parteikonferenz, déi den 2. an 3. Abrëll 2022 zu Guimarães ofgehale gouf, gouf den Nuno Melo, den eenzegen Europadeputéierte vun der Partei, mat bal 75% vun den Delegéierte Stëmmen als neie President vun der CDS-PP gewielt.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centro Democrático e Social - Partido Popular – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://juventudepopular.pt/
  2. historia. www.cds.pt. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  3. Resultados Eleitorais. web.archive.org (2012-07-16) Archivéiert op 2012-07-16. Gekuckt de(n) 2024-01-25.
  4. (pt)Nuno Melo confirmado presidente do CDS-PP com 75% dos votos. Jornal de Notícias. Gekuckt de(n) 2024-01-25.