Konservatismus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Konservatismus oder Kon­ser­va­ti­vis­mus ass e Sammelbegrëff fir politesch a philosophesch Positiounen, déi sech op d'Traditioun bezéien.[1] E riicht sech generell géint Verännerungen a wëll d'gesellschaftlech Uerdnung weider féiere wéi se ass a begrënnt dat mat hirer Stabilitéit a Kontinuitéit, oder e riicht sech zumindest géint abrupt Verännerungen (deenen hir stäerksten Ausdrocksform d'Revolutioun ass).[2] Verschidde konservativ, sougenannte "reaktionär" Stréimunge sinn dogéint fir d'Restauratioun vun enger fréierer gesellschaftlecher Uerdnung a wëllen zréckgoen, fir datt et sou gëtt "wéi et virdru war".

Konservatismus ass nieft dem Liberalismus an dem Sozialismus eng vun den dräi grousse politesche Ideologien, déi sech am 18. an am 19. Joerhonnert an Europa entwéckelt hunn. De Begrëff gëtt mat Politik aus dem Mëtt-rietse Spektrum verbonnen a gëtt fir eng grouss Diversitéit un Opfaassunge benotzt. Et gëtt keng universell konservativ Politik, well d'Bedeitung vum Konservatismus dovun ofhänkt, wat an enger bestëmmter Gesellschaft zu enger bestëmmter Zäit als traditionell empfonnt gëtt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bundesstelle für politische Bildung: Konservatismus (gekuckt den 11. Juni 2015)
  2. Urs Altermatt, Martin Pfister: Konservatismus am Historisches Lexikon der Schweiz