Sozialismus

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Sozialistesch Manifestatioun virun der UBS an der Schwäiz (2008)

De Sozialismus ass nieft dem Liberalismus an dem Konservatismus eng vu den dräi grousse politeschen Ideologien, déi am 19. Joerhonnert entstane sinn. Si besteet aus enger Rei vun Theorien iwwer d'ekonomesch Organisatioun, déi den ëffentlechen oder kollektive Besëtz vun de Produktiounsmëttelen viraussetzt. Zil vum Sozialismus ass et, eng Gesellschaft opzebauen an där jiddwereen déi nämmlecht Chancen a Mëttelen huet, an dat iwwer d'Method vun der Kompensatioun.

Eng zentral Roll spillt d'Reform vun der privatkapitalistescher Wirtschaftsuerdnung, déi de Sozialisten no op sozialen a wirtschaftlechen Ofhängegkeete baséiert.[1]

De Sozialismus entspréngt dem Denke vum Zäitalter vun der Opklärung an ass ënner anerem de Prinziper vun der Franséischer Revolutioun verflicht.[1]

Am 18. an 19. Joerhonnert hu sech zwéin Haaptcouranten entwéckelt: den utopesche Sozialismus an de wëssenschaftleche Sozialismus:[2]

  • Am utopesche Sozialismus gëtt en ideale Staat duerch Opklärung an e verstännegt Handele vun alle Mënsche viséiert.
  • Am wëssenschaftleche Sozialismus, e Begrëff fir dem Karl Marx an dem Friedrich Engels seng Iddien duerzestellen, ass de Sozialismus den noutwendegen Ausgang vum Zesummebroch vum Kapitalismus a vum Opstand vum Proletariat. D'Gesellschaftsléier, déi zum wëssenschaftleche Sozialismus féiere soll, gëtt Marxismus genannt. Dora gëtt de Sozialismus als Etapp zum Kommunismus gesinn, also enger Gesellschaft ouni Klassen an Herrschaftssystem.

A Westeuropa si vill politesch Parteien, déi als sozialistesch Parteie gegrënnt goufen, haut de facto sozialdemokratesch ausgeriicht.


Commons: Sozialismus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Bundestelle für politische Bildung: Sozialismus (gekuckt den 13. August 2016)
  2. Bundestelle für politische Bildung: Sozialismus (gekuckt de 4. Juni 2019)