Friedrich Engels

Vu Wikipedia
Friedrich Engels
Gebuer 28. November 1820
Barmen
Gestuerwen 5. August 1895
London
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Ekonomist, Sozialwëssenschaftler, politeschen Theoretiker, Philosoph, Schrëftsteller, Revolutionär, Soziolog, Fraerechtler, Journalist
Famill
Papp Friedrich Engels

De Friedrich Engels, gebuer den 28. November 1820 zu Wuppertal-Barmen, a gestuerwen de 5. August 1895 zu London, war en däitsche Sozialpolitiker a Philosoph.

Als Jong vun engem gutt situéierten Industrielle krut de Friedrich Engels eng Ausbildung als Geschäftsmann. Duerno huet hien nieft sengem Militärdéngscht (1841-42) zu Berlin Philosophie studéiert. Hien huet Kontakt mat de sougenannte Lénkshegelianer opgeholl. Ënner dem Pseudonym F. Oswald huet hie kritesch Texter iwwer Literatur, Relioun a Philosophie geschriwwen.

Wärend senger Beruffsausbildung a sengem Papp senge Betriber zu Manchester (1842-44) huet hien d'Liewens- an d'Aarbechtskonditioune vun den Textilaarbechter gesinn.

De Friedrich Engels krut souwuel duerch dem Georg W. F. Hegel seng Usiichten, wéi och duerch dem Ludwig Feuerbach säin Das Wesen des Christentums eng materialistesch Astellung. Als iwwerzeegte Sozialist huet hie mat senge Wierker Umrisse zu einer Kritik der Nationalökonomie an Die Lage der arbeitenden Klasse in England (1845) déi éischt Analys vun der kapitalistescher Wirtschafts- a Gesellschaftsuerdnung verfaasst.

De Friedrich Engels an de Karl Marx[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1842 hat de Friedrich Engels de Karl Marx kennegeléiert an ass him e ganzt Liewe frëndschaftlech verbonne bliwwen. 1845/46 hu si zesummen "Die deutsche Ideologie" verfaasst, eng zäitgenëssesch Analys vun der deemoleger däitscher Philosophie.

1847 si si dem Bond vun de Gerechte bäigetrueden, dee si an de Bond vun de Kommunisten ëmgewandelt hunn. Si hunn 1847-48 an der Erwaardung vun de sozialisteschen Ëmwälzungen hiert Wierk "Kommunistisches Manifest" geschriwwen.

Wärend der Mäerzrevolutioun vun 1848 sinn de Friedrich Engels an de Karl Marx an Däitschland hanneschtgaangen a si hunn zu Köln d'Neue Rheinische Zeitung gegrënnt.

1849 huet den Engels sech un den Opstänn a Baden an an der Pfalz bedeelegt. Nom Enn vun dësem Revolutiounsversuch ass den Engels nees zeréck an England gaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich Engels – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • zeno.org E groussen Deel vu sengem Wierk kann hei online studéiert ginn.