Kommunismus

Vu Wikipedia

Kommunismus ass eng ekonomesch a sozial Theorie vun enger internationaler Gesellschaft ouni Klassen, an där jiddwereen d'selwecht fir seng Aarbecht entlount gëtt, an an där d'Mënschen hir Talenter zum Wuel vun der Allgemengheet asetze sollen. Et soll also eng sozial Gläichstellung vun alle Mënschen erreecht ginn, andeems jiddwereen no senge Méiglechkeeten e wirtschaftleche Bäitrag leescht, deen dann ënner der Bevëlkerung no den eenzelen Noutwennegkeete verdeelt gëtt. Dëst ass eng Utopie, déi wéinst der Schwächt vun de Mënschen net als Politik an d'Praxis ëmgesat ka ginn. An deem Kontext ass och ze bemierken, datt et an all de sougenannte kommunistesche Staaten wéi z. B. Kuba ni d'kommunistesch Theorie gouf, mä just eng extreem Form vu Sozialismus, déi déi éischt Etapp a Richtung Kommunismus duerstellt.

Sozialkritik a kommunistesch Experimenter gouf et schonn an der Antiquitéit an am Mëttelalter, mä eréischt d'Opklärung an de revolutionäre Geescht Enn des 18. an am 19. Joerhonnert hunn eng ganz Rëtsch vu gréissere politeschen Antikapitalismusbeweegungen ervirbruecht. Besonnesch ervirzehiewe sinn do dem Karl Marx an dem Friedrich Engels hiert Kommunistescht Manifest, dat den 21. Februar 1848 zu London verëffentlecht gouf, an dem Marx säi Kapital vun 1867. Déi Wierker enthalen eng Etüd vun den deemolege Liewensverhältnesser a vum Kapitalismus a schléisse mat der Fuerderung, de Kapitalismus ofzeschafen, an duerch nei kommunistesch Liewensverhältnesser z'ersetzen, fir sou alle Klassekämpf en Enn ze setzen.

Op där Basis hu sech eng ganz Rei Stréimungen entwéckelt, dorënner de Marxismus, de Leninismus, de Luxemburgismus, de Stalinismus, den Trotzkismus, den Titismus (deen den 3. Wee, also e Wee tëscht dem Kommunismus an dem Kapitalismus probéiert huet, auszebauen), de Maoismus etc. Mat der russescher Oktoberrevolutioun 1917 an der Schafung vun der Sowjetunioun koum et dann och zum éischte sougenannte kommunistesche Staat, deem China, Nordkorea, Vietnam, Laos, Kambodscha, Angola a Kuba nokomme sollten.

Spéitstens mat der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991, haaptsächlech wéinst onauswäichleche wirtschaftleche Problemer, huet sech déi praktesch Ëmsetzbarkeet vum Kommunismus awer als bis ewell onëmsetzbar gewisen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kommunismus – Biller, Videoen oder Audiodateien