Kapitalismus

Vu Wikipedia
Eng anti-kapitalisch Affiche vun 1911 vun der Organisatioun Industrial Workers of the World

Kapitalismus ass e Wirtschaftssystem, an deem d'Produktiounsmëttel a Privatbesëtz sinn an an deem d'Konsumgidder, d'Aarbecht an d'Kapital op engem Maart kaaft a verkaaft ginn. Am Kapitalismus sinn d'Proprietéit vun der Aarbecht an d'Proprietéit vum Kapital typescherweis getrennt. D'Proprietäre vum Kapital hunn - entweeder direkt als Entreprener oder indirekt duerch e Kredit un den Entreprener – Eegentumsrechter un der Produktioun. De Verkafsprofit geet u si, wärend d'Aarbecht mat enger Pai bezuelt gëtt, déi virdru festgeluecht gouf. Entscheedungen iwwer Investitiounen an iwwer d'Produktioun vu Wueren an Déngschtleeschtunge gi vun de Produktiounsmëttelbesëtzer, de Kapitaliste getraff, déi d'Aarbecht och wärend dem Produktiounsprozess leeden a verdeelen. D'Präisgestaltung vun de Wueren a vun den Déngschtleeschtungen hänkt vun de Konditioune vun der Konkurrenz um relevante Maart an domat vun der Offer an der Demande of. Och de Präis vun der Aarbecht vum Eenzelen, dat heescht d'Pai, gëtt um Aarbechtsmaart opgrond vun der Offer an der Demande entspriechend festgeluecht. Well d'Produktiounsmëttel a Privatbesëtz sinn, fält den Iwwerschoss aus der Produktioun un d'Besëtzer vun de Produktiounsmëttel.

Kapitalistesch Zich hunn a Gesellschaften existéiert, déi wäit virun eiser Zäit leien. Als Konsequenz vun der industrieller Revolutioun huet sech de Kapitalismus virun allem am 19. an 20. Joerhonnert verbreet. Haut ass de Kapitalismus a villfälteger Weis de Sozialmodell, dee weltwäit dominéiert. Déi meescht aktuell kapitalistesch Länner hu gemëscht Ekonomien, an deenen Elementer vu fräie Mäert mat staatlecher Interventioun verbonne ginn.

D'Kritiker vum Kapitalismus argumentéieren, datt de Kapitalismus d'Muecht an den Hänn vun enger klenger kapitalistescher Klass géif bannen, déi nëmmen duerch d'Ausbeutung vun der Majoritéit vun der Aarbechterklass kéint existéieren. Si kritiséieren och, datt am Kapitalismus de Profit virum soziale Wuelergoen an dem Ëmweltschutz géif stoen, an datt Ongläichheeten, Korruptioun a wirtschaftlech Onsécherheet géife gefërdert ginn. Den Ënnerstëtzer no géif de Kapitalismus duerch d'Existéiere vun der Konkurrenz besser Produkter a méi Innovatioun bidden, de Räichtum tëscht all de produktive Mënsche verdeelen, de Pluralismus an d'Dezentraliséierung vun der Muecht fërderen, e staarke Wirtschaftswuesstem schafen, a Produktivitéit a Wuelstand ervirbréngen, deen der Gesellschaft zegutt géif kommen.

De Kapitalismus gëtt dacks mam Liberalismus verwiesselt, deen awer eng politesch Ideologie ass, wärend de Kapitalismus e Wirtschaftssystem ass.