Kapital

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Kapital ass e villsäitege Begrëff deen an de Wirtschaftswëssenschaften, der Soziologie, oder och an der Ëmgangssprooch eng eege Bedeitung huet. An der klassescher Léier iwwer d'Vollekswirtschaft ass et nieft dem Buedem an der Aarbecht ee vun den dräi Produktiounsfacteuren (Modern Auteure rechnen och nach d'Wëssen an d'Informatioun als véierte Produktiounsfacteur dobäi).

Kapital entsteet duerch d'Spueren, an anere Wierder duerch e Konsumverzicht. Kapital huet gewëssermoossen déi gläich Bedeitung wéi Verméigen, weist awer besonnesch bei Entreprisen op d'Méiglechkeet hin, déi se hunn, fir duerch hir finanziell Mëttel, hir aner Produktiounsfacteure méi rationell anzesetzen an doduerch d'Produktivitéit vun hirer Entreprise ze verbesseren.