Op den Inhalt sprangen

Chancëgläichheet

Vu Wikipedia

Chancëgläichheet ass d'Méiglechkeet fir datt sozial ënnerschiddlech Persounen déi selwecht Chancen a Rechter am Liewen hunn, a mat dem selwechten Effort déi selwecht Ziler erreeche kënnen. An de Beméiungen ëm d'Chancëgläichheet sollen d'Chancë vun enger méi schlecht gestallter Persoun un déi vun der méi favoriséierter Persoun ugepasst ginn. Dozou gehéiert besonnesch d'Verbuet vun der Diskriminéierung, zum Beispill wéinst dem Alter, dem Geschlecht, der Relioun, der sozialer Hierkonft, der kultureller Zougehéieregkeet, der sexueller Orientatioun oder enger Behënnerung.

Zu Lëtzebuerg gëtt et e Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit.[1] Ministesch ass zënter 2023 d'Yuriko Backes.

Dee Ministère, och nach bekannt als MEGA, besteet säit 1995. Am Ufank war en ënner dem Numm Ministère de la Promotion Féminine, duerno als Ministère pour l'Égalité des Chances an duerno Ministère de l'Égalité entre les femmes et les hommes bekannt.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. www.mega.public.lu
  2. www.25joermega.lu