Katholizismus

Vu Wikipedia

De Begrëff Katholizismus (gr.: καθολικός / katholikós) bezeechent d'Totalitéit vun de kathoulesche Glawens- a Liewensusiichten, Organisatiounsformen an Traditiounen. De Begrëff gëtt an ënnerschiddlechen Zesummenhäng ënnerschiddlech gebraucht. An der Theologie gëtt en da benotzt, wann déi universal Natur vun der Kierch, oder eng besonnesch Betounung vu kierchlecher Traditioun oder Liturgie soll ervirgehuewe ginn. Soziologesch bezeechent de Begrëff awer manner déi offiziell Léier, Liturgie an Hierarchie mä méi d'Denken, d'Fillen an d'Handele vu kathoulesche Bevëlkerungsdeeler besonnesch do, wou si eng Majoritéit sinn, an de Milieu beaflossen.

An Europa huet de Katholizismus d'Zivilisatioun virun allem an de Länner markéiert, wou et net zu der Reformatioun komm ass. Dozou gehéieren Italien, Spuenien, Portugal a Frankräich; awer och Irland, Polen a Kroatien, wou d'national Identitéit dem Katholizismus ganz no steet, well sech an dëse Länner eng national Oppositioun ëmmer op den iwwerliwwerte Katholizismus gestäipt huet (géint Groussbritannien, géint Russland, géint d'Osmanen respektiv Serben).

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Relatiounen tëscht der Réimescher Kierch an der Politik a Gesellschaft[änneren | Quelltext änneren]

De Poopst Pius IX. huet 1870 d'Definitioun vun der peepstlecher Onfeelbarkeet a Léierfroen duerchgesat. Déi Gebuertsstonn vum réimeschen Usproch a moderner Zäit huet, baussent dem eigentlechen theologesche Problem, eng eendeiteg Zouuerdnung vum Poopsttum an de "geeschtleche Beräich" gewierkt, also eng Ofkéier vun der peepstlech-kierchestaatlecher Politik (wesentlech Ursaach fir d'„Intransigenz“ vun de Peepst Leo XII. bis Gregor XVI.). De peepstlechen Internationalismus, dee sou gegrënnt gouf, huet de Poopst Leo XIII., de Grënner vun der kathoulescher Sozialléier († 1903), grousst Usi bruecht. An der Konfrontatioun mam optimisteschen Humanismus vun der Zäitgeschicht huet de Poopst Pius X. (1903-1914) fir eng gréisser reliéis Wierksamkeet vun der Kierch an der Gesellschaft gekämpft. Am Éischte Weltkrich ass et dem Poopst Benoît XV. gelongen, de Katholizismus als iwwerparteilech a supranational ze festegen. Zanterhier huet d'kathoulesch Kierch déi wesentlech Fuerderunge vun der internationaler Friddensbeweegung an hire Programm integréiert.

De Stuerz vu villen europäesche Monarchien 1918 an d'Befreiung vun den netkathoulesche Staatskierche vun der Politik huet och nei Méiglechkeete fir den interkonfessionellen Dialog opgemaach, deen awer eréischt nom Zweete Weltkrich eng breet Akzeptanz op kathoulescher Säit fonnt huet.

D'programmatesch Eegeverbesserung duerch de leschte Konzil, virbereet duerch d'Peepst Pius XI. a Pius XII., duerchgefouert duerch d'Konzilpeepst Johannes XXIII. a Paul VI., huet awer grad an dem typesch kathoulesche Milieu intern Krisen ervirgeruff. An alle Länner, déi vum Katholizismus geprägt sinn, ass d'Situatioun vun der Kierch nach net fräi vun de Belaaschtungen aus de politesche Konflikter. A Spuenien huet d'Kierch nëmme lues a lues eng Distanz zum Franco-Regime fonnt. An Italie besteet och haut nach Dissens, ob d'Civiltà cattolica eng éischter chrëschtlech-demokratesch oder eng autoritéitsbezunne politesch Haltung begënschtegt. Besonnesch gravéierend ass d'Situatioun a Frankräich, wou den traditionelle Katholizismus an Oppositioun zu der Republik stoung, soudatt et virun allem virun 1914 an no 1945, och zu Iwwerdreiwungen an der Géigerichtung komm ass. Méi jonk kierchlech Beweegungen an deene Länner ginn dacks vun de Säite vun der liberaler Theologie mat politesche Kategorië bewäert, ouni datt dëst dem spirituellen Zil vum Renouveau catholique entsprieche géif.

De Schwéierpunkt vum weltwäite Katholizismus huet sech an de leschte Joerzéngten awer Richtung Latäinamerika, Afrika a lues awer sécher och Asien verlagert. Afrika südlech vun der Sahara wend sech verstäerkt dem Chrëschtentum zou. D'kathoulesch Kierch a Latäinamerika steet awer, wéinst hirer laanger Relatioun mat der europäesch-kathoulescher Traditioun, viru besonnesch groussen Erausfuerderungen. Hei gouf zanter den 1960er Joren de Versuch vun enger "Befreiungstheologie“ ënnerholl, déi aus réimescher Siicht awer als Réckfall a Konzepter, déi eng politesch Theologie begënschtegen, elo awer ënner marxistescher Perspektiv, bekämpft gouf.

Am angloamerikanesche Kulturraum konnt d'kathoulesch Kierch zanter dem 19. Joerhonnert no an no un Akzeptanz gewannen, ass awer nach ëmmer als Konfessioun vun der Minoritéit ze wäerten.

De Katholizismus steet eréischt um Ufank vun der Aufgab, déi den Zweete Vatikanesche Konzil gestallt huet, d'reliéis Traditioun weiderzeféieren, awer och "op der Héicht vun der Zäit" ze bleiwen. De Pontifikat vum Poopst Johannes Paul II. markéiert bis ewell den Héichpunkt vun der Geschicht vum europäesche Katholizismus. Sonnerrechter an de Staatsuerdnunge gi vum Katholizismus net méi gefuerdert.

Katholizismus zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg gouf scho relativ fréi, ëm d'4. Joerhonnert, evangeliséiert. Déi éischt Pare sinn am Laf vum 6. a 7. Joerhonnert entstanen. Eng wichteg Roll bei dësem Prozess huet Iechternach mam hellege Willibrord (658-739) gespillt. Well Lëtzebuerg am Mëttelalter keen eegene Bëschofssëtz hat, hu kathoulesch Uerde wéi d'Franziskaner oder Dominikaner eng grouss Roll gespillt. 1840 gouf d'Lëtzebuerger Kierch duerch en Apostoulescht Vikariat onofhängeg, an d'Relioun huet am Kader vun de Weltkricher eng grouss Roll gespillt, wat den Zesummenhalt vun der Bevëlkerung ugaangen ass. 1988 gouf Lëtzebuerg zu enger Äerzdiözes erhuewen, Kierch a Staat funktionéieren an Autonomie an Zesummenaarbecht.

Liest heizou och:

Wëssenschaft[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Katholizismus gëtt wëssenschaftlech vun der Reliounswëssenschaft, der Phenomeenologie an der Soziologie benotzt, fir d'Praxis vum kathoulesche Glawen duerch den eenzele Gleewegen, awer och d'gesellschaftlech Relevanz vum kathoulesche Glawen ze beschreiwen.

De Katholizismus gëllt traditionell souwuel a Bezuch op d'Moral am Bestietnes, wéi och politesch als konservativ. Eng grouss Roll spille weiderhin d'Communautéitsbewosstsinn, wat méi héich wéi d'Invidiualitéit steet, souwéi déi reliéis-kulturell Traditioun. Am réimesche Katholizismus läit déi héchst kierchlech Autoritéit beim Poopst. Am Katholizismus selwer gëtt et awer och Stéimungen déi heefeg mat Begrëffer aus der Politik vermëscht ginn (besonnesch Lénkskatholizismus) respektiv als „Progressisten“ an „Traditionalisten“ ernimmt ginn.

Virun dem Hannergrond vu globale gesellschaftleche Verännerunge steet de Katholizismus awer an engem grondleeënden Ëmgestaltungsprozess. Ënner der Jugend an Europa ass den iwwerliwwerte Katholizismus och weiderhin e Minoritéitephenomeen. D'Opléisung vum typesch kathoulesche Milieu bewierkt bei progressive wéi konservative Muechten awer entgéintgesate Reaktiounen. D'Resistenz vum Integralismus zitt nëmmen eng Minoritéit vun de Katholicken un (z. B. Schisma vun der Lefebvre-Beweegung vum 30. Juni 1988; mat dëse Beweegunge sympathiséieren héchstens 0,015 % vun den 1,1 Mrd. Katholicken), well déi traditionell Volleksfrëmmegkeet staark noléisst. D'extrem Traditionaliste behapten, d'"Konzilskierch" hätt déi kathoulesch Identitéit opginn, a wir dem Modernismus verfall.

Aus sozialwëssenschaftlecher Siicht wierken dës konfessionell Milieuën awer och dann nach op d'perséinlecht Verhalen, wann déi eigentlech Verbindung mat der Kierch net méi bewosst gefillt gëtt.

Usproch vum Poopsttum[änneren | Quelltext änneren]

D'Funktioun vum Bëschof vu Roum (petrinesche Prinzip) ënnerscheet déi gréisst chrëschtlech Kierch vun allen anere Konfessiounen. Als Nofollger vum Apostel Péitrus gëllt de Poopst an der réimesch-kathoulescher Kierch als ieweschten Här vun der Gesamtkierch a Statthalter vu Christi op der Äerd.

D'Poopsttum gouf dacks kritiséiert, sech ze vill an d'Politik anzemëschen, Relioun wier eng Privatsaach. Aus der Siicht vun der réimescher Kierch geet den Usproch vum Chrëschtentum awer iwwer déi politesch a gesellschaftlech Sphären eraus. De petrinesche Prinzip etabléiert domat e reliéisen Internationalismus, e weltwäiten Usproch. Dëst ass och déi ursprénglech Wuertbedeitung vun der kathoulescher, d. h. "allgemenger" Kierch.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri de Lubac, Catholicisme. Les aspects sociaux du dogme, 1938.
  • Jean Guitton, Le Catholicisme hier, aujourd'hui et demain, 1972.
  • Émile Poulat, L'église c'est un monde, 1986.
  • Joseph Ratzinger, Kirche, Ökumene und Politik, Einsiedeln, 1987.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roman Catholicism – Biller, Videoen oder Audiodateien