Zäitgeschicht

Vu Wikipedia

Ënner Zäitgeschicht gëtt zu Lëtzebuerg an a villen anere Länner d'Period vum Zweete Weltkrich bis haut, verstanen. Op Franséisch schwätzt ee vun Histoire du temps présent. Well awer alles och eng Virgeschicht huet, muss een heiansdo méi wäit aushuelen. Dofir gi verschidden Historiker - z. B. an Däitschland, a Frankräich an a Groussbritannien - bis an d'Period 1914-1918 zeréck, wat effektiv Sënn mécht, wann een d'Ursaachen an d'Follge vum Zweete Weltkrich wëll begräifen.

De Begrëff gëtt an den Historikermilieue vu Frankräich, Däitschland a Groussbritannien - fir nëmmen déi ze nennen - ënnerschiddlech genannt an eventuell gebraucht (och op de jeeweilege Wikipediasäiten). All Land huet, wéinst sengen eegenen Erfarungen, d'Tendenz, eng eege Periodiséierung ze benotzen. Am angelsächsesche Kulturkrees gëtt d'Zäitgeschicht mat Contemporary History bezeechent. Dat, wat de Fransous Histoire contemporaine nennt (vu ~1789 bis theoreetesch haut), nennt den Englänner Late Modern History.

D'Zäitgeschicht beliicht ë. a. follgend Fuerschungsberäicher:

Instituter fir Zäitgeschicht (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

1949[1] gouf am deemolege Westdäitschland en Institut ënner dem Numm Institut für Geschichte der nationalsozialistischen Zeit gegrënnt, fir als éischt Institut iwwerhaapt déi nationalsozialistesch Diktatur wëssenschaftlech opzeschaffen. Dat Institut gouf du vun 1952 un Institut für Zeitgeschichte genannt.

1978 huet de franséischen Historiker François Bédarida, am Kader vum CNRS, den Institut d'Histoire du temps présent gegrënnt. Am Ufank sollt déi Zäitspan erfuerscht ginn, fir déi nach lieweg Zeien opzedreiwe waren. Well awer d'Erneierung vun de Generatioune kontinuéierlech weiderleeft, änneren d'Termäiner (Ufank an Enn) vun der Zäitgeschicht konstant, an zwar iwwerall.

Den 22. Mee 2017 gouf am Kader vun der Uni Lëtzebuerg och en Institut fir Zäitgeschicht ageweit, an zwar ënner dem (typesch lëtzebuergeschen) Numm Centre for Contemporary and Digital History, kuerz CCDH. Éischten Direkter gouf de belschen Historiker Andreas Fickers.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Horst Möller & Udo Wengst, Einführung in die Zeitgeschichte; München (C. H. Beck Verlag), 2003. ISBN 978-3-406-50246-0
  • Sebastian Haffner, Zur Zeitgeschichte; München, 1982.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Das Institut für Zeitgeschichte (IfZ) ist eine außeruniversitäre Forschungseinrichtung, die die gesamte deutsche Geschichte des 20. Jahrhunderts bis zur Gegenwart in ihren europäischen und globalen Bezügen erforscht. Gegründet wurde das IfZ 1949, um als erstes Institut überhaupt die nationalsozialistische Diktatur wissenschaftlich zu erschließen.