Migratioun

Vu Wikipedia
Migratiounen am Joer 2008
██ Positiv Migratioun ██ Stabil Situatioun ██ Negativ Migratioun ██ Keng Donnéeën

D'Migratioun (vum lat: migratio,-onis) beschréift den Deplacement am Raum vun enger Persoun, Persounen oder souguer Populatiounen.[1]

D'Migratioun ass e fräiwëllegen Deplacement vun engem Land/enger Regioun an een anert Land/eng aner Regioun aus ekonomeschen, politeschen oder kulturellen Grënn.

Et existéiere verschidden Zorte vun Migratiounen, wéi zum Beispill, d'Aarbechtsmigratioun (migration de travail), d'Schoulmigratioun (migration de qualification), déi forcéiert/erzwonge Migratioun (migration forcée) oder och nach d'Migratioun aus Léift (migration d'amour), fir der nëmmen e puer ze nennen.[2]

Ënnert den Terme Migratioun, falen zwéin Ënnerbegrëffer:

Dat si Migratiounen, déi iwwer d'Grenze vu Staaten ewechginn. D'Immigratioun an d'Emigratioun hunn u sech déi selwecht Motiver[3], et ass just eng Fro vu Perspektiv, ob ee vun där enger oder där anerer schwätzt, deemno mam Schwéierpunkt op dat Land, wou d'Migranten hier kommen, oder op dat, wou se sech néierloossen.

Bei Migratioun spillen zwéi Facteuren eng Roll, de Pull- an de Push-Facteur. de Push-Facteur deen, deen een au sengem Land 'erausdreift' (Aarmut, Perspektivlosegkeet vu Verbesserung vu senger Situatioun, Konflikter, Naturkatastrophen,...), de Pull-Facteur deen, deen en anert Land attraktiv mécht (Perspektiv op Aarbecht, op Sécherheet, asw.) De Push-Facteur fërdert d'Emigratioun, de Pull-Facteur d'Immigratioun.

Migrante verloossen hiert Heemechtsland mat der Intentioun an engem anere Land (dem Gaaschtland) fir eng bestëmmt Zäit, respektiv länger Dauer, ze schaffen an och do wunnen ze bleiwen. A verschiddene Fäll bleiwe s'och fir de Rescht vun hirem Liewen am Gaaschtland wunnen.[4] Allerdéngs soll och nach op dëser Plaaz ernimmt ginn, datt et och zu fräiwëllegen, oder onfräiwëllege, Retouren an déi jeeweileg Heemecht komme kann.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gaffiot, Félix, Gaffiot de poche. Dictionnaire latin français, Paris: Hachette, 2001.
  2. Oltmer, Jochen, Globale Migration. Geschichte und Gegenwart, München, 2012, p. 18.
  3. SCUTO, Denis, Historiographie de l'immigration au Luxembourg, in: Hémecht 3/4 (2008), p. 391.
  4. OLTMER, Jochen, Globale Migration. Geschichte und Gegenwart, München, 2012, p. 18.