Globaliséierung

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
BlueWorldMap.png

D'Wuert Globaliséierung entsprécht dem eegene franséischen Ausdrock Mondialisation a gouf eréischt zanter den 1990er Joren zu engem Begrëff. Dorënner versteet een déi international Verflechtung a ville Beräicher, haaptsächlech, mä net nëmmen, an der Wirtschaftspolitik, der Léier iwwer d'Gesellschaft (Soziologie), der Kommunikatiounstechnik an a Verbindung mat der Ëmweltproblematik. Mat där internationaler Verflechtung, déi ëmmer méi grouss gëtt, stelle sech der Wëssenschaft nei Ufuerderunge bei ville Problemer, déi net méi eleng op lokalem oder nationalem Niveau gesinn oder geléist kënne ginn.

Begrëff a Bedeitungen[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Globaliséierung gouf fir d'éischt an de Sozialwëssenschafte gebraucht an ass 1961 ënner der englescher Bezeechnung Globalization eng éischt Kéier an engem engleschsproochege Lexikon kommentéiert ginn.

Wat d'Wirtschaftspolitik betrëfft, do huet den Theodore Levitt (1925-2006), een däitschen Emigrant a fréiere Professer vun der Harvard Business School 1983 mat sengem Artikel "The Globalization of Markets" an der Harvard Business Review de Begrëff vun der Globaliséierung ëmrass. Dëse wirtschaftspolitesche Begrëff ass du vun 1990 un an d'öffentlech Debatt gehäit ginn.

Den Ausdrock Mondialiséierung, dee vum franséischen Ausdrock mondialisation ofgeleet ass, huet eng ähnlech wann och keng identesch Bedeitung. Hie leet méi d'Schwéiergewiicht op d'Entnationliséierung vun de verschiddene Phenomener an op den Zoustännegkeetsverloscht vun de Nationalstaaten.

Globaliséierung vun der Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Ursaachen[änneren | Quelltext änneren]

Besonnesch an der Wirtschaft fënnt haut e Globaliséierungsprozess statt, dee sech zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich staark acceleréiert huet. Dat huet verschidden Ursaachen:

  • Bei den Entreprisë mécht sech d'Noutwendegkeet bemierkbar, fir hir Produktiounen auszebauen an doduerch Käschten ze spueren (engl: large scale economies)
  • D'Wirtschaftsraim hunn hiren nationale Charakter verluer an hu sech iwwer d'Grenze vun de Nationalstaten ausgebreet.
  • An Europa zum Beispill ass e grousse Maart ënner der Form vun der Europäescher Unioun entstanen, deen op Prinzipien opgebaut ass, déi de Globaliséierungstrend onweigerlech verstäerken:
    • Fräie Persouneverkéier
    • Fräie Wuerenaustausch
    • Fräie Verkéier vun den Dengschtleeschtungen
    • Harmonisatioun vun de Wettbewerbsbedingungen an Ofschafe vun allen Diskriminatiounen, an domat Verschäerfung vun der internationaler Konkurrenz
    • Liberalisatioun vun de Kapitalmouvementer

D'Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Verlagerung vun der Produktioun vu groussen Entreprisen a multinational Gesellschaften no Länner mat méi déiwe Käschten a besonnesch no Länner mat niddrege Léin
  • Den Undeel vun de Beneficer aus dem internationalen Geschäft an och d'Profiter, absolut gesinn, hunn Tendez ze klammen, während an den traditionellen Industrielänner mat héije Léin een Drock op d'Salairen sech bemierkbar mécht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Globaliséierung – Biller, Videoen oder Audiodateien