Kale Krich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De sougenannte Kale Krich ass déi Zäit tëscht dem Enn vum Zweete Weltkrich an den uganks 1990er Joren. Eng Zäit, an där d'USA an d'Sowjetunioun mat hiren Alliéierten hir ënnerschiddlech Opfaassungen vertrueden hunn, ouni et op en oppene Krich ukommen ze loossen.

Et gouf awer eng sëlleche Stellvertriederkricher.

D'offiziellt Enn vum kale Krich gëtt generell mam Zesummefall vun der Sowjetunioun an Zesummenhang bruecht.

D'Situatioun nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

NATO a Warschauer Pakt Bëndnesser an Europa

No der Victoire vun den Alliéierten iwwer d'Nazi-Däitschland gouf Europa tëschent den zwou gréisste Muechten opgedeelt: de Westblock, ënner demokratesche Regimmer wou d'USA un der Spëtzt stoung, an dem Ostblock, ënnert kommunistesche Regimmer mat der Sowjetunioun un der Spëtzt. Doraus entstoungen dunn zwéi Pakten: d'NATO an de Warschauer Pakt.

De Start vum Kale Krich[änneren | Quelltext änneren]

Den Ausgangspunkt vum Kale Krich gëtt dacks mat der Irankris vun 1946 festgeluecht. Déizäit huet den amerikanesche President Harry S. Truman der Sowjetunioun mat engem Atomkrich gedreet, wa se hir Truppen net aus dem Iran ofzéie géif. Am Hannergedanken haten d'Amerikaner dobäi den einfachen a garantéierten Zougank zum iranesche Pëtrol.

D'Bildung vum Ostblock[änneren | Quelltext änneren]

Nach während dem Zweete Weltkrich goufen, beim sowjetesche Virstouss a Richtung Berlin, um Wee eng Rëtsch provisoresch kommunistesch Regimmer opgestallt. A Länner wéi Polen, Rumänien a Bulgarien koume kommunistesch Regimmer friddlech un d'Muecht. An Ungarn an an der Tschechoslowakei gouf et 1948 Coup-d'Étaten.

Truman-Doctrine[änneren | Quelltext änneren]

Den Harry S. Truman mouch den 12. Mäerz 1947 an enger Ried bekannt, datt d'USA "all fräi Vëlker ënnerstëtzt, déi sech géint d'Ënnerwerfung duerch bewaffnet Minoritéiten oder duerch Drock vun bausse widdersetzen".

No där Ried hunn d'USA fir de Rescht vum Kale Krich eng Politik gefouert, déi "Endiguement" genannt gëtt. D'Zil dobäi war et, Länner ekonomesch a militäresch vun den USA sou ofhängeg wéi méiglech ze maachen, fir sech hinnen hir Loyalitéit ze garantéieren. En Deel dovu war den European Recovery Program (ERP), och "Marshallplang" genannt. Dee Plang huet den Erëm-Opbau vun zerstéierte Stied a Länner ënnerstëtzt.

Stellvertriederkricher[änneren | Quelltext änneren]

Koreakrich[änneren | Quelltext änneren]

Verlaf vum Korea-Krich

De Koreakrich war den éischte Konflikt deen an der Zäit vum Kale Krich entstanen ass an en huet sech séier an e Stellvertriederkrich entwéckelt. Nom Ofzuch vun de sowjeteschen an den amerikaneschen Truppen aus Korea, si séier Grenzkonflikter tëschent de béiden nei kreéierte Staaten, Nordkorea a Südkorea, entstanen. Béid Länner wollten e vereenegt Korea hunn.

De 25. Juni 1950 hunn nordkoreanesch Truppen d'Grenz iwwerschratt, wat de Krich offiziell ausgeléist huet. An e puer Wochen war de gréissten Deel vu Südkorea besat. D'UN huet déi Aktioun veruerteelt a beschloss, alliéiert Truppe fir de Schutz vu Südkorea ze schécken. No der Landung vun dësen Truppe gouf eng Offensiv ugefaangen, déi Nordkorea bis op déi chinesesch Grenz gedréckt huet. D'Volleksrepublik China huet allerdéngs en demokrateschen Afloss a Korea gefaart, an huet Truppen op d'koreanesch Grenz geschéckt a selwer eng Offensiv ugefaangen.

Fir eng weider Eskalatioun vum Krich ze verhënneren hu sech d'Staatscheffe vun den USA an der Sowjetunioun, getraff. D'Verhandlunge fir e Waffestëllstand goufen am Oktober 1951 gestart. De 27. Juli 1953 waren d'Verhandlungen eriwwer, an et gouf eng demilitariséiert Zon ageriicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kale Krich – Biller, Videoen oder Audiodateien