Stellvertriederkrich

Vu Wikipedia

E Stellvertriederkrich ass e bewaffente Konflikt, an deem zwee Länner net direkt am Krich matenee sinn, mä an engem anere Land Drëttorganisatiounen als Stellvertrieder benotzen, déi sech ënnerenee bekämpfen.

Besonnesch d'USA an d'Sowjetunioun hu wärend dem Kale Krich[1] entweeder national Regierungen oder Rebellegruppen als Stellvertrieder ënnerstëtzt. Dacks ass d'Zil, datt sou Gruppen de Géigner bezwéngen ouni e grousse Krich ze provozéieren.

Stellvertriederkricher kënnen och parallel zu grousse Konflikter lafen. Wärend dem Éischte Golfkrich (1980-88) zum Beispill hu béid Säite bewaffent Fraktiounen am Libaneesesche Biergerkrich (1975-90) ënnerstëtzt a géinteneen opgestëppelt.

E renge Stellvertriederkrich ass awer bal onméiglech, well d'Stellvertrieder, déi fir déi aner Länner kämpfen, dacks eegen Intressen hunn, déi géint d'Intresse vun de Länner ginn, vun deene s'ënnerstëtzt ginn. Sou hunn d'USA wärend der Sowjetescher Interventioun an Afghanistan Gruppen ënnerstëtzt, déi sech spéider zu den Taliban an zu der al-Qaida weiderentwéckelt hunn a sech géint d'Amerikaner gedréint hunn.

Aner Beispiller vu Stellvertriederkricher sinn de Spuenesche Biergerkrich (1936-39), de Koreakrich (1950-53), de Vietnamkrich (1959-75) den Angolanesche Biergerkrich (1975-2002), den Zweete Kongokrich (1998-2003) an de Syresche Biergerkrich (2011-haut).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. politik-lexikon.at: Kalter Krieg (gekuckt de 17. Oktober 2017)