Spuenesche Biergerkrich

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Spanish Civil War August September 1936.png

De Spuenesche Biergerkrich war e Krich an de bannenste Grenze vu Spuenien. En huet de 17. Abrëll 1936 ungefaang a bis den 1. Abrëll 1939 gedauert. Den Haaptgrond dofir war e Konflikt tëscht den demokratesch gewielte Republikaner an den Nationalisten ënner dem Generol a Putschist Francisco Franco. Vill verschidde Gruppen (Kommunisten, Sozialisten, Sozialliberaler, Anarcho-Syndikalisten, asw.) hu sech op der Säit vun der spuenescher Republik rëmfonnt.

Obwuel et ee Biergerkrich war, hu friem Muechte matgemëscht: Hitlerdäitschland an dat faschistescht Italien hunn d'Nationalisten mat Truppeverbänn wéi d'Legion Condor, a mat Waffen ënnerstëtzt; an d'Sowjetunioun, ënner dem Stalin, respektiv Frankräich, awer zimlech diskret, an der Zäit vum Front populaire, hunn d'Republikaner mat Waffen a mat Fräiwëllegen (International Brigaden) ënnerstëtzt.

No der Nidderlag vun der Republik huet de Franco eng streng konservativ-autoritär Diktatur a Spuenien ageriicht; d'Republikaner sinn zu Dausenden an d'Ausland geflücht; an a Mexiko gouf et joerzéngtelaang eng republikanesch Exilregierung.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spuenesche Biergerkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien