Francisco Franco

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Francisco Franco
RETRATO DEL GRAL. FRANCISCO FRANCO BAHAMONDE (adjusted levels).jpg
Gebuertsnumm Francisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde
Gebuer 4. Dezember 1892
Gestuerwen 20. November 1975
Madrid
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Offizéier, Militär, Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Francisco Franco Bahamonde gebuer de 4. Dezember 1892 zu Ferrol a Galicien, a gestuerwen den 20. November 1975 zu Madrid war e spueneschen Offizéier a Politiker.

Nom Militärputsch géint déi zweet spuenesch Republik, war hie Staatschef vum Abrëll 1939 bis zu sengem Doud am November 1975.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Franco ass 1892 ënner dem Numm Francisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde¨gebuer. Hie war de Jong vum Offizéier Nicolás Franco a senger Fra der María del Pilar.

1904 ass hie bei d'Marine fir eng Ausbildung gaangen, gouf awer net op d'Akademie vun der Marine zougelooss. Dofir ass hien an d'Akademie fir d'Infanterie op Toledo gaangen. 1910 hat hie säin Ofschloss vun der Militärausbildung a gouf zum Ënnerleitnant vun der Arméi ernannt an zu Ferrol stationéiert.

1912 gouf hien a Marokko versat an huet do am Kolonialkrich gekämpft. E Joer duerno gouf hien zum Läitnant ernannt, woumat seng Militärcarrière ugefaangen huet.

1922 gouf de Franco Kommandant vun der spuenescher Friemelegioun. Ee Joer méi spéit gouf hie mat der Carmen Polo bestuet.

Den 3. Februar 1926 gouf e mat knapps 33 Joer zum Generol ernannt a war deemools de jéngste Generol an der moderner Geschicht vun Europa. 1928 gouf hie Chef vun der Militärakademie zu Zaragoza.

1935 gouf hien ieweschte Kommandant vun der Arméi.

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel del Castillo, Le temps de Franco (récit); Paräis (Fayard), 2008; 395 S.; ISBN 978-2-213-63718-1
  • Bartolomé Bennassar, Franco; Paräis (Perrin), 1995. - 2002 am Täscheformat an der Collectioun 'Tempus' nei opgeluecht.
  • Édouard de Blaye, Franco ou la monarchie sans roi; Paräis (Stock), 1974.
  • Angelo Hüsler, Du franquisme à la démocratie. Effondrement ou évolution d'un régime?; Lausanne (L'Âge d'homme), 2003.
  • Jacques Georgel, Le franquisme. Histoire et bilan; Paräis (Seuil), 1970.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Francisco Franco – Biller, Videoen oder Audiodateien