Op den Inhalt sprangen

Marokko

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel zum Marokko ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
المملكة المغربية
al-Mamlaka al-Maghribīya
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
الله، الوطن، الملك
("Gott, Land, Kinnek")
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Arabesch, Genormt marokkanesch berberesch
Haaptstad Rabat
Staatsform Konstitutionell Monarchie
Staatsleedung
Kinnek vum Maroc Mohammed VI. vu Marokko
Premierminister vum Maroc Aziz Akhannouch
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 446 550[1] km²
Waasserfläch 2,8 %
Bevëlkerung 36.828.330 (2024)
Bevëlkerungsdicht 66,47 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet vu Frankräich a Spuenien,
den 2. Mäerz 1956
Nationalfeierdag 30. Juli
Nationalhymn Hymne Chérifien
(Lauschteren)
Praktesch Informatiounen
Wärung Marokkanesch Dirham
Zäitzon UTC +0
Internet-TLD .ma
Internationalen Telefonsprefix +212

D'Kinnekräich Marokko (arab.: المملكة المغربية, berberesch: ⵜⴰⴳⵍⴷⵉⵜ ⵏ ⵍⵎⵖⵔⵉⴱ) ass e Staat am Nordweste vun Afrika. Marokko, dat zum Maghreb gehéiert, huet am Norde Küst zum Mëttelmier. D'Strooss vu Gibraltar, d'Mierenkt tëscht Spuenien a Marokko, ass plazeweis just eng 14 km breet an trennt den europäesche vum afrikanesche Kontinent. Am Weste grenzt d'Land un den Atlanteschen Ozean, am Osten a Südosten un Algerien.

D'Staatsgrenz am Süden ass zanter dem Westsaharakonflikt international ëmstridden. Marrokko kontrolléiert bis dato ronn zwee Drëttel vum Territoire vun der Westsahara. Sou ginn a Marokko Kaarte gebraucht, déi keng Demarkatiounslinn tëscht Marokko an der Westsahara setzen, mä eréischt do, wou Mauretanien ugeet. Eng politesch Léisung fir den zukënftege Status vum Gebitt konnt bis ewell nach net fonnt ginn. Eng vun den direkte Konsequenze war, datt Marokko als eenzegt afrikanescht Land net-Member vun der Afrikanescher Unioun bis 2017 war.

D'Haaptstad vu Marokko ass Rabat. Casablanca, mat 3 359 818 Awunner, ass déi gréisst Stad vum Land.

 Commons: Marokko – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Fläch ouni d'Westsahara (Vereent Natiounen 2004)