Strooss vu Gibraltar

Vu Wikipedia



D'Strooss (oder Mierengt) vu Gibraltar ass eng Mieresstrooss bei Gibraltar, déi den Atlanteschen Ozean an d'Mëttelmier matenee verbënnt an domat den Europäesche Kontinent vum Afrikanesche Kontinent trennt.

Am Norde leien déi brittesch Krounkolonie Gibraltar a Spuenien an am Süde läit Marokko an déi spuenesch Exklav Ceuta. Souwuel Gibraltar wéi och Ceuta, déi an der Antik als "Saile vum Herakles" bezeechent gi sinn, si wichteg Hafestied. D'Strooss vu Gibraltar ass 14 bis 44 km breet an ongeféier 60 km laang. Si erreecht eng Déift vun 286 m.

D'Strooss vu Gibraltar ass eng vun deene Mieresstroossen, déi am meeschte befuer ginn (zirka 300 Handelsschëffer pro Dag fueren duerch). Op der Uewerfläch ass eng Stréimung no Osten, ervirgeruff duerch deen ongeféier 1,4 m méi nidderegen Niveau vum Mëttelmier géintiwwer dem Atlantik. An der Déift gëtt et eng Géigestréimung mat där dat méi salzegt Mëttelmierwaasser erëm an den Atlantik fléisst. Meeschtens bléist e Westwand deen an der Strooss zimmlech staark ka ginn. All déi Ëmstänn hunn dozou geféiert datt d'Strooss vu Gibraltar an der Antik als net ze bezwéngen a sou als d'Enn vun der Welt gegollt huet.

Satellittebild vun der Strooss vu Gibraltar

Bauprojeten[änneren | Quelltext änneren]

Zanter e puer Joer besti Pläng fir eng Bréck iwwer d'Strooss vu Gibraltar ze bauen a sou Afrika mat Europa ze verbannen. Déi Bréck soll déi längst vun der Welt ginn an eng komplett nei Konstruktioun opweisen. D'Piliere musse mat spezielle Virriichtunge virun enger méiglecher Kollisioun mat Schëffer geschützt ginn.

Obschonn dat eng extreem technesch Erausfuerderung ass wierkt de Projet dach bescheiden géintiwwer de Pläng vum däitschen Architekt Hermann Sörgel, deen tëscht 1928 an 1952 am Eescht dru geduecht huet eng gigantesch Staumauer an der Mierengt opzeriichten fir dann, no deelweis Drécheleeë vum Mëttelmier, Europa an Afrika zu engem duerchgängege Kontinent Atlantropa ze verbannen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Strooss vu Gibraltar – Biller, Videoen oder Audiodateien