Arabesch Liga

Vu Wikipedia
Fändel vun der Arabescher Liga

D'Arabesch Liga (op Arabesch: الجامعة العربية‎), offiziell Liga vun den Arabesche Staten (جامعة الدول العربية Dschāmiʿat ad-Duwal al-ʿArabiyya) ass eng regional Organisatioun aus arabesche Länner an a rondrëm Nordafrika, d'Har vun Afrika a Südwestasien. Si gouf den 22. Mäerz 1945 zu Kairo vum Kinnekräich Egypten, dem Kinnekräich Irak, Transjordanien, dem Libanon, Saudiarabien a Syrien gegrënnt. Jemen ass de 5. Mee 1945 derbäikomm. Momentan huet d'Liga 22 Memberstaten, obwuel déi syresch Participatioun wéinst der Repressioun duerch d'Regierung am aktuelle Biergerkrich zënter November 2011 ausgesat ass. (Stand: Januar 2015)

D'Haaptzil vun der Organisatioun ass et d'"Relatioun tëscht de Memberstate méi enk ze maachen an d'Kollaboratioun tëscht hinnen ze koordinéieren, fir hir Onofhängegkeet an hir Souveränitéit ze sécheren an op eng generell Manéier d'Affairen an d'Interesse vun den arabesche Länner ze konsideréieren".[1]

Mat Institutioune wéi der Arabescher Organisatioun fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaft an dem Wirtschafts- a Sozialrot vum Rot fir Arabesch Wirtschaftseenheet facilitéiert d'Arabesch Liga politesch, wirtschaftlech, kulturell, wëssenschaftlech a sozial Programmer déi d'Interesse vun der arabescher Welt promovéiere sollen. D'Liga ass och e Forum an deem d'Memberstaten hir politesch Positioune koordinéieren an iwwer aktuell Theemen debattéieren, an an deem scho verschidden arabesch Streidereie geléist gi sinn a Konfliker limitéiert goufen. D'Liga ass och d'Plattform op där vill bedeitend Dokumenter iwwer wirtschaftlech Integratioun ausgeschafft goufen.

All Memberstat huet nëmmen ee Vote am Rot vun der Arabescher Liga, mä nëmmen déi Staten, déi gestëmmt hunn, sinn un d'Decisioune gebonnen.

Memberstaten[änneren | Quelltext änneren]

D'Memberstate vun der Arabescher Liga (gréng)

Memberstaten (mat dem Bäitrëttsjoer respektiv der Memberschaftsperiod):

1 D'Memberschaft vu Libye gouf wéinst dem Stuerz vun der Regierung zäitweis ausgesat.
2 Somaliland huet 1991 eng eesäiteg Onofhängegkeet ausgeruff an ass de facto en eegene Stat, gëtt awer weiderhin zu Somalia gezielt.
3 Zënter der Onofhängegkeet vum 9. Juli 2011 ouni de Südsudan
4 2011 gouf Syrien als Memberstat suspendéiert. Zënter dem 26. Mäerz 2013 hält déi Syresch Nationalkoalitioun déi Memberschaft. D'Regierung vum Baschar al-Assad gëtt vun der Arabescher Liga net méi als legitim Vertriedung vum arabesche Vollek ugesinn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Pact of the League of Arab States, 22 March 1945", The Avalon Project, Yale Law School, 1998 (gekuckt den 21. Januar 2015)