Har vun Afrika

Vu Wikipedia
D'Staaten um Har vun Afrika: Somalia, Ethiopien, Dschibuti an Eritrea (a Somalia läit och den de facto onofhängege mä net unerkannte Staat Somaliland)

D'Har vun Afrika ass eng Bezeechnung fir d'Regioun am Nordoste vun Afrika tëscht dem Golf vun Aden an dem Indeschen Ozean. Si gëtt vu Somalia an zumindest engem Deel am Oste vun Ethiopien (Ogaden) bedeckt. Eng méi vast Interpretatioun zielt nieft ganz Ethiopien och nach Dschibuti an Eritrea dozou.[1] Direkt op der Spëtzt vum Har läit Puntland, eng autonom Regioun vu Somalia.

Den Term Somali-Hallefinsel gëtt heiansdo als Synonym benotzt. Well hir Fläch awer net kloer festgeluecht oder begrenzt ass, gëtt d'Gebitt vun der Somali-Hallefinsel deelweis liicht anescht definéiert wéi dat vum Har vun Afrika. D'Somali-Hallefinsel kann een zum Beispill als déi Fläch am Oste vun der Loftlinn vu Berbera (am Golf vun Aden) op Garacad (beim Indeschen Ozean) definéieren.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Encyclopaedia Britannica (lescht Aktualiséierung: 26. Mäerz 2014)