Zäitzon

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Weltkaart mat Zäitzonen

Eng Zäitzon ass eng Sträif vun der Äerduewerfläch, wou zu engem gewëssen Zäitpunkt den Datum an d'Auerzäit identesch sinn.

Bei der Bildung vun Zäitzone kënnt d'Bestriewen zum Ausdrock, op der enger Säit den Dag nom Stand vun der Sonn (Äerdrotatioun) auszeriichten, awer och gläichzäiteg ganz Gebidder mat enger eenheetlecher Zäit ze definéieren, tëscht deenen eng Zäitdifferenz, déi liicht ze berechnen ass (meeschtens 1 Stonn), besteet. Dat kann erreecht ginn, wann een d'Zäitzonen als Gebidder tëscht zwéi geographesche Längtegrade mat engem Ofstand vu 15° definéiert. Fir awer dem Tatbestand Rechnung ze droen, datt bestëmmt Gebidder politesch, administrativ oder kulturell zesummegehéieren, gëtt et Ofwäichunge vun deem Prinzip. Fir d'Antarktis, déi dann theoretesch a 24 Zäitzone géif leien, gouf souguer komplett déi Koordinéiert Weltzäit (UTC) festgeluecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Timezones – Biller, Videoen oder Audiodateien