Gambia

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Republic of The Gambia
Republik Gambia

Fändel vu Gambia

Wope vu Gambia

Detailer

Detailer
National Devise: Progress, Peace, Prosperity
Fortschrëtt, Fridden, Wuelstand
Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Banjul
Staatsform: Republik
 • President: President Adama Barrow
Fläch: 11.300[1] km²
Bevëlkerung: 2.092.731 (geschat; Juli 2018)[1]
 • Bevëlkerungsdicht: 151,68/km²
Onofhängegkeet: 18. Februar 1965 vu Groussbritannien
Nationalfeierdag: 18. Februar (Independence Day)
Nationalhymn: For The Gambia Our Homeland
Wärung: Dalasi
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .gm
Internationalen
Telefonsprefix
:
+220

Gambia (offiziell d'Republik Gambia; op Englesch Republic of the Gambia) ass e Staat a Westafrika.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Gambia läit a Westafrika. Et huet eng 80 Kilometer laang Küst um nordatlanteschen Ozean a grenzt un nëmmen een anere Staat, de Senegal, dee mat Ausnam vun der Küst ganz ronderëm läit a mat deem en eng Grenz vu 749 Kilometer deelt.[1]

Topographesch gesinn ass de Gambia zimmlech platt. Et besteet aus dem Plateau mam Gambiafloss, dee sech vun Oste bis Westen duerch dat ganzt Land zitt, an den héchste Punkt am Land läit nëmmen 53 Meter iwwer dem Mieresspigel. D'Duerchschnëttshéicht vum Land läit bei 34 Meter iwwer dem Mieresspigel.[1]

Mat enger Fläch vun 11.300 Quadratkilometer, dovun enger Landfläch vun 10.120 Quadratkilometer, ass Gambia ongeféier véiermol sou grouss wéi Lëtzebuerg. Et ass flächeméisseg dee klengste Staat um afrikanesche Kontinent. Nëmmen d'afrikanesch Inselstaate sinn nach méi kleng.

D'Klima ass tropesch mat enger Reenzäit tëscht Juni an November a méi enger killer Dréchenzäit vun November bis Mee.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Mat enger Bevëlkerung, déi 2018 op 2,1 Milliounen Awunner geschat gouf, ass Gambia dat 148. meeschtbevëlkert Land op der Welt.[1]

34% vun den Awunner si Mandinka a Jahanka, 22% si Fulani, Tukulur oder Lorobo, 13% si Wolof an 11% si Jola oder Karoninka.[1]

D'offiziell Verwaltungssprooch ass Englesch, mä déi meeschtgeschwate Sprooche si Mandinka, Wolof, Fula an eng Rëtsch aner lokal Sproochen.[1]

Wéi och am Nopeschland Senegal ass d'Majoritéit vun de Gambier Moslemen (méi wéi 90%).[2]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gambia – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 Gambia am CIA World Fact Book (gekuckt den 21. Mee 2019)
  2. CBS News: The most heavily Muslim countries on Earth