Saint Vincent an d'Grenadinnen
| Saint Vincent an d'Grenadinnen | |
|---|---|
|
| |
| Geographie | |
| Kontinent | Nordamerika |
| Land | Saint Vincent an d'Grenadinnen |
| Gehéiert zu | Kleng Antillen, Karibik |
| Koordinaten | 13°0'50,0"N, 61°13'46,6"W |
| Fläch | 389 km² |
| Héchste Punkt | Soufrière () |
| Verwaltung | |
| Haaptuert | Kingstown |
| Demographie | |
| Awunner | 109.897 |
| Awunnerdatum | 2017 |
| Liewenserwaardung | 73,179 a |
| Aner Informatiounen | |
| Genannt no | Vincent vu Saragossa |
| Zäitzon | UTC−4 |
| Internet TLD | .vc |
| Internat. Telefonsprefix | +1784 |
|
| |
|
| |
Saint Vincent an d'Grenadinnen, op Englesch Saint Vincent and the Grenadines, ass en Inselstaat an der Karibik. D'Haaptstad a gréisst Stad vum Land ass Kingstown.
De Staat ass Member am Commonwealth of Nations an an der Bolivarianescher Allianz fir Amerika.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Insele leie südlech vu Saint Lucia an nërdlech vu Grenada. Ongeféier 160 km ëstlech läit Barbados.
Den Inselstaat huet eng Gesamtfläch vun 389 km² a begräift d'Insel Saint Vincent an déi nërdlech Insele vun de Grenadinnen, en Ënnerarchipel vun de Klengen Antillen. Déi südlech Grenadinnen, dorënner d'Insele Carriacou a Petite Martinique, gehéieren net zum Staat Saint Vincent an d'Grenadinnen, mä zum Territoire vu Grenada.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Déi geschat Populatioun vum Inselstaat läit bei Awunner.
Déi meescht Vincentianer sinn Nokomme vun afrikanesche Sklaven, déi an d'Regioun bruecht goufen, fir op de Plantagen ze schaffen, souwéi Portugisen an Ostinder, déi op d'Insel koumen, nodeems d'Sklaverei vun de Britten, déi an der Regioun gelieft hunn, ofgeschaaft gouf. Déi gréisst ethnesch Grupp sinn d'Afrikaner (66 %); hannendru komme Leit mat gemëschter Ofstamung (19 %), Ostinder (6 %), Europäer (meeschtens Portugisen (4 %) a karibesch Amerikaner (2 %). Et gëtt eng ëmmer méi grouss Gemeinschaft vu Chineesen am Land.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]St. Vincent läit op enger Migratiounsstreck vun Nord- a Richtung Südamerika. D'Insel ass warscheinlech zënter dem 5. Joerdausend v. Chr. op d'mannst zäitweileg bewunnt.
Ufanks vum 17. Joerhonnert gouf d'Insel souwuel vun England wéi och vu Frankräich revendiquéiert. An de Joerzéngten duerno ass d'Kontroll iwwer d'Insel ëmmer nees tëscht den zwee Kinnekräicher an de Karibe gewiesselt. Am Joer 1783 huet Frankräich St. Vincent u Groussbritannien ofgetrueden.
De 27. Oktober 1979 gouf d'Land ënner dem haitegen Numm onofhängeg, ass awer am Commonwealth bliwwen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saint Vincent an d'Grenadinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Saint Vincent and the Grenadines Population 2025. worldpopulationreview.com. Gekuckt den 12.07.2025.
