Op den Inhalt sprangen

Eswatini

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Umbuso weSwatini (siSwati)
Kingdom of Eswatini (Englesch)
Kinnekräich Eswatini
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
"Siyinqaba" (lëtz.: Mir sinn d'Festung)
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Siswati, Englesch
Haaptstad Lobamba (kinneklech a legislativ)
Mbabane (administrativ)
Staatsform Absolut Monarchie
Staatsleedung
Kinnek vun Eswatini Mswati III.
Regierungschef Russell Mmemo Dlamini
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 17.364 km²
(157. Plaz)
Waasserfläch 0,9 %
Bevëlkerung 1.230.506 (2023)
(155. Plaz)
Bevëlkerungsdicht 68,2 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 6. September 1968 (vu Groussbritannien)
Nationalfeierdag 6. September (Onofhängegkeetsdag)
Nationalhymn Nkulunkulu Mnikati wetibusiso temaSwati
Praktesch Informatiounen
Wärung Lilangeni (SZL), Rand (ZAR)
Zäitzon UTC +2
Internet-TLD .sz
Internationalen Telefonsprefix +268

D'Kinnekräich Eswatini, fréier Swasiland; op Siswati Umbuso weSwatini an op Englesch Kingdom of Eswatini, ass e Staat a Südostafrika. E grenzt u Südafrika an un de Mosambik. Déi zwou gréisst Stied si Manzini a Mbabane.

Et ass eent vun de klengste Länner an Afrika. Säi Klima an d'Topographie variéiere staark, vu kale Spëtzen op de Bierger bis an d'dréchent Flaachland.

Eswatini ass e Land mat enger absolutter, traditionalistescher Monarchie. Et ass eent vun den zwee Kinnekräicher am modernen Afrika, déi et nach bis haut gëtt.

D'Land huet eng miserabel Gesondheetssituatioun, mat signifikanten Zuele vun Aids- an Tuberkuloskranker. D'Liewensdauer läit an der Moyenne bei 59,4 Joer.

 Commons: Eswatini – Biller, Videoen oder Audiodateien