Op den Inhalt sprangen

Mbabane

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mbabane
Land Eswatini
Vewaltungseenheet Hhohho
Awunner 76.218
  2025
Fläch 150 km²
Héicht 1.243 m
Koordinaten 26°19'0"S, 31°8'0"O
Postcode H100
Websäit http://www.mbabane.org.sz/

Mbabane ass d'Haaptstad (awer net de Regierungssëtz) an déi zweetgréisst Stad vum Kinnekräich Eswatini am südlechen Afrika. Et ass och d'Haaptstad vun der Regioun Hhohho.

Mbabane ass den administrativen an, nieft Manzini, de wirtschaftlechen Zentrum vum Land.

De Regierungssëtz vum Land ass an der Stad Lobamba.

D'Haaptstad läit an de Mdzimba-Bierger um Mbabane-Floss a sengem Niewefloss Polinjane, am Nordweste vum Land op enger Héicht vun 1.243 Meter.

Mbabane huet 76.218 Awunner.

D'Stad ass entstanen, nodeems d'Britten am Joer 1902 den administrativen Zentrum vum deemolege Swasiland nom Zweete Burekrich vu Bremersdorp (haut Manzini) an dat haitegt Gebitt vu Mbabane verluecht hunn an et zum administrativen Zentrum vum brittesche Protektorat vu Swasiland erkläert hunn. D'Stad gouf nom Herrscher Mbabane Kunene benannt, deem säi Clan deemools an dëser Géigend gelieft huet.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit vu Mbabane (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Mbabane – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]