Republik China (Taiwan)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Taiwan)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Asia stub.png Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


中華民國
Zhōnghuá Mínguó
Republik China

Fändel vun Taiwan

Wope vun Taiwan

Detailer

Detailer
Locator map of the ROC Taiwan.svg
Offiziell Sprooch: Mandarin
 • Koordinaten: Gnome-globe.svg25° 02’ 00’’ N
     121° 38’ 00’’ O
Staatsform:
 • President: Tsai Ing-wen
Fläch: 35.980 km² (134.)
 • Dovu Waasser:  ? %
Bevëlkerung: 23.367.320 (52.)
 • Bevëlkerungsdicht: 639/km²
Nationalfeierdag: 10. Oktober
Nationalhymn: San Min Chu-i
Währung: Neien Taiwan-Dollar
Internet TLD: .tw
Internationalen
Telefonsprefix
:
+886
Taiwan2.png

Taiwan ass eng chinesesch Insel nërdlech vun de Philippinen. Mat enger Handvoll weider Inselcher bilt Taiwan en de facto Staat am Südoste vun Asien: d'Republik China.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Insel Taiwan ass vun ongeféier 4000 v. Chr. bis un den Ufank vum 17. Joerhonnert bal nëmme vun enger austronesescher Urbevëlkerung bewunnt. 1583 hunn d'Portugisen d'Insel als éischt Europäer erreecht a se "Ilha Formosa" (Schéin Insel) genannt. Nieft hollänneschen a spueneschen Néierloossunge waren et duerno awer virun allem e puer Immigratiounswelle vu chinesesche Siidler vum Festland déi d'Majoritéit vun der Bevëlkerung gestallt hunn.

1683 huet d'Qing-Dynastie d'Insel offiziell fir China annektéiert. 1895 sinn d'Japaner agefall an hunn Tawain fir foffzeg Joer als japanesch Kolonie gehalen. Nom Enn vum Pazifikkrich 1945 ass d'Insel nees u China gaangen.

No der kommunistescher Muechtergräifung 1949 zu Peking hunn den Chiang Kai-shek an 1,5 Millioune vu senge Leit sech op d'Insel Taiwan zréckgezunn. Sou huet d'Provënz Taiwan an e puer kleng Inselcher bis ganz haart virun der Küst vum Kontinent d'Republik China mat Regierungssëtz zu Taipeh gegrënnt, an Oppositioun zur Volleksrepublik China um Kontinent. D'Staatspartei Kuomintang huet d'Insel dunn iwwer véier Joerzéngten autoritär regéiert. Eréischt 1987 huet se d'Krichsrecht opgehuewen an eng éischt Oppositiounspartei zougelooss.

D'Republik China erhieft den Usproch, ganz China (mëttlerweil demokratesch) ze vertrieden. D'Kommunisten zu Peking erhiewen hirersäits och den Usproch, ganz China ze vertrieden, mussen awer bis ewell op Taiwan an déi aner kleng Inselcher verzichten.

De vëlkerrechtleche Statut vun der Republik China op Taiwan ass dowéinst bis haut ëmstridden. Et gëtt u sech nëmmen EE China. Taiwan a seng Inselcher (déi zum Deel eigentlech enger anerer Provënz vu China gehéieren!) bilden de facto e Staat, 't koum awer ni esou wäit, datt "Taiwan" sech fir onofhängesch erkläert hätt. An der Praxis hu mer deemno EE China an ZWOU Regierungen (Peking an Taipeh), déi politesch net mateneen d'accord kënne sinn. D'Republik China op Taiwan ass iwwregens 1971 aus der UNO erausgeflunn, wéi dat kommunistescht China, no senger Unerkennung duerch d'USA, an d'UNO (inklusiv Sécherheetsrot) opgeholl gouf - et kann ebe just ee China an der UNO sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Y. Demeer & A. Gamblin, Taiwan (Formose), République de Chine, Paräis (Presses universitaires de France), 1979 (1. Oplo). 128 Säiten.
  • Xing-hu Kuo, Freies China - Asiatisches Wirtschaftswunder, Stuttgart (Seewald Verlag), 1982. 223 Säiten.
  • Jules Nadeau, Vingt millions de Chinois "made in Taiwan" , Montréal (Éditions Québec/Amérique), 1988. 410 Säiten.
  • André Gamblin, Taiwan République de Chine - La victoire du dragon (économie, tourisme, civilisation, diplomatie, politique), Paräis (Sedes), 1993.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Republik China (Taiwan) – Biller, Videoen oder Audiodateien