Op den Inhalt sprangen

Myanmar

Vu Wikipedia
Republik vun der Unioun Myanmar
Pyidaunzu Thanmăda Myăma Nainngandaw
ပြည်ထောင် စုသမ္မတမြန်မာနိုင်ငံတော်

Fändel vu Myanmar

Wope vu Myanmar

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Birmanesch
Haaptstad: Naypyidaw
Staatsform: Republik
 • President: Htin Kyaw
 • Staatsberoderin: Aung San Suu Kyi
Fläch: 676.578 km² (40.)
 • Dovu Waasser: 3,06 %
Bevëlkerung: 51.486.253 (25.)
 • Bevëlkerungsdicht: 76/km²
Onofhängegkeet: 4. Januar 1948 (vu Groussbritannien)
Nationalhymn: Kaba Ma Kyei ("Bis zum Enn vun der Welt")
Wärung: Kyat
Zäitzon: UTC +6:30
Internet TLD: .mm
Internationalen
Telefonsprefix
:
+95

De Myanmar, och nach Burma oder Birma genannt an offiziell Republik vun der Unioun Myanmar (op Birmanesch: Pyidaunzu Thanmăda Myăma Nainngandaw) ass e Staat a Südostasien.

De Myanmar ass zënter 1997 Member vun der Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen (ASEAN) a grenzt un Indien a Bangladesch am Westen, un Thailand a Laos am Osten, an un d'Volleksrepublik China am Norden an am Nordosten. De Süden huet eng 1.930 Kilometer laang Grenz um Golf vu Bengalen an d'Andaman-Mier. Bei der Vollekszielung 2014 huet sech erausgestallt, datt d'Bevëlkerung mat 51 Milliounen Awunner vill manner héich ass wéi erwaart[1],[2]. De Myanmar huet 676.578 Quadratkilometer an ass domat ongeféier sou grouss wéi Frankräich an d'Belsch zesummen. D'Haaptstad ass zënter 2005 Naypyidaw an déi gréisst Stad a fréier Haaptstad ass Yangon (fréier Rangoon).[3]

Zu de fréien Zivilisatiounen am Myanmar gehéieren d'Pyu Staat-Stied am ieweschte Burma an d'Mon-Kinnekräicher am ënneschte Burma. Am 9. Joerhonnert ass d'Bamar-Vollek an den ieweschten Dal vum Irrawaddy komm, an nom Etablissement vum Bagan-Kinnekräich an den 1050er Joren hu sech d'birmanesch Sprooch a Kultur an den Theravada-Buddhismus duerchgesat a si lues a lues dominant ginn. Wéinst der Invasioun vun de Mongolen ass d'Pagan-Kinnekräich zerfall an huet Plaz fir verschidden aner Staate gemaach. Wéi am 16. Joerhonnert, d'Land vun der Dynastie vun den Taungu nees vereenegt gouf, war et fir eng kuerz Zäit dat gréisst Räich an der Geschicht vum kontinentale Südostasien. Am fréien 19. Joerhonnert huet d'Konbaung-Dynastie iwwer eng Fläch regéiert, zu där de moderne Myanmar gehéiert huet an huet och kuerzzäiteg Manipur an Assam kontrolléiert. No dräi brittesch-birmanesche Kricher hunn d'Britten de Myanmar am 19. Joerhonnert besat an doraus eng brittesch Kolonie gemaach. 1948 ass de Myanmar onofhängeg ginn; fir d'éischt als demokratesch Natioun a spéider, nom Staatsstreech 1962, als Militärdiktatur.

De Gros vun der Zäit zënter der Onofhängegkeet war de Myanmar an ethnesch Konflikter verwéckelt an déi vill verschidde birmanesch ethnesch Gruppe streiden an engem vun de längste Biergerkricher op Welt. Wärend där Zäit hunn d'Vereent Natiounen an aner Organisatiounen reegelméisseg a systematesch Verstéiss géint d'Mënscherechter am Land bericht.[4],[5] 2011, no de Walen 2010, ass d'Militärjunta offiziell opgeléist ginn, an nominell ass eng zivill Regierung un d'Muecht komm. Wärend fréier Militärleaderen nach ëmmer enorm vill Muecht am Land hunn, huet d'birmanesch Arméi Schrëtt ënnerholl, fir d'Kontroll iwwer d'Regierung ze reduzéieren. Dat, zesumme mam Fräiloosse vun der Aung San Suu Kyi an anere politesche Prisonéier, huet dem Land seng Relatioune mam Ausland a säi Ruff, wat d'Mënscherechter ugeet, verbessert, an och zu enger Labberung vun den Handels- an anere Sanktioune gefouert.[6],[7] Trotzdeem gëtt d'Regierung weiderhi staark dofir kritiséiert, wéi si mat der moslemescher Rohingya-Minoritéit ëmgeet a fir hir schlecht Äntwert op reliéis Ausernanersetzungen.[8],[9],[10] Bei den historesche Walen 2015 krut der Aung San Suu Kyi hir Partei d'Majoritéit an den zwou Chamberen.

Am Myanmar gëtt et vill Jade an Edelsteng, Pëtrol, Naturgas an anere Mineralressourcen. 2013 hat d'Land en nominale PIB vu 56,7 Milliarden US-Dollar (oder 221,5 Milliarden US-Dollar PPP). D'Akommesdifferenz am Myanmar ass eng vun den héchsten op der Welt, well grouss Deeler vun der Wirtschaft vu Supportere vun der fréierer Militärregierung kontrolléiert ginn.[11],[12] Dem Human Development Index (HDI) 2016 no hat de Myanmar e mëttleren Niveau vu mënschlecher Entwécklung, mat dem 145. Rang vun 188 Länner.[13]

Commons: Myanmar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Asian Development Bank: Asian Development Bank and Myanmar: Fact Sheet (Abrëll 2011)
  2. Thomas Spoorenberg: Myanmar’s first census in more than 30 years: A radical revision of the official population count (November 2015)
  3. De Myanmar am World Fact Book vun der CIA
  4. Amnesty International USA: Myanmar Human Rights (2013)
  5. Human Rights Watch: World Report 2012: Burma
  6. USA Today: Obama administration eases Burma sanctions before visit (16. November 2012)
  7. The New York Times: European Union Suspends Most Myanmar Sanctions (23. Abrëll 2012)
  8. UN Dispatch: The 8 Stages of Genocide Against Burma’s Rohingya (27. Mee 2013)
  9. Reuters: EU welcomes "measured" Myanmar response to rioting (11. Juni 2012)
  10. BBC: Why is there communal violence in Myanmar? (3. Juli 2014)
  11. BurmaNet News: Democratic Voice of Burma: Income inequality in Burma (22. Oktober 2013)
  12. Asia One: Income and property disparities growing in Myanmar, economists say (7. November 2013)
  13. UNDP: Human Development Report 2016