Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen

Vu Wikipedia
D'Memberstaate vun der ASEAN.

D'Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen, ((en) Association of Southeast Asian Nations, kuerz ASEAN), ass eng international Organisatioun vu südostasiatescher Staaten déi den 8. August 1967 gegrënnt gouf. Si huet hire Sëtz zu Jakarta (Indonesien). All Joers am November ass e Sommet vun de Memberstaaten.

Am Ufank war d'Zil vun der ASEAN, déi wirtschaftlech, politesch a sozial Zesummenaarbecht ze verbesseren. No an no koumen och d'Politikberäicher Sécherheet, Kultur an Ëmwelt derbäi. Am September 2009 hunn d'Staats- a Regierungscheffe vun den ASEAN-Memberlänner decidéiert, e Bannemaart nom Virbild vun der Europäescher Unioun ze schafen.

D'ASEAN huet 10 Memberstaate mat ronn 600 Milliounen Awunner (ronn 8 % vun der Weltbevëlkerung) an eng Fläch vu knapps 4,5 Millioune km². 2013 louch den zesummegerechente BIP vu senge Membere bei ronn 2,4 Billiounen US-Dollar.

Am Laf vun de Jore goufen eng Rëtsch Ënner-Organisatioune geschaf: den ASEAN-Regionalforum (ARF) fir Sécherheetsfroen, d'ASEAN-Fräihandelszon (AFTA) fir den Handel ze fërderen, d'ASEAN Investment Area (AIA) fir géigesäiteg Direktinvestitioune méi einfach ze maachen, asw.

D'Virleeferorganisatioun vun der ASEAN war d'Association of South-East Asia (ASA, 1961–1967).

Memberstaaten[änneren | Quelltext änneren]

Thailand, Indonesien, Malaysia, d'Philippinnen a Singapur waren d'Grënnungsmemberen.

Haut sinn dës Länner Member vun der ASEAN:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Amitav Acharya: Constructing a Security Community in Southeast Asia: ASEAN and the Problem of Regional Order. Routledge, London/New York 2001, ISBN 0-415-15763-3.
  • Sebastian Bersick, Felix Heiduk: Im Krebsgang nach vorn: Die Asean hat sich eine Charta gegeben. SWP-Aktuell 2007/A 65, Dezember 2007.
  • Mely Caballero-Anthony: Regional Security in Southeast Asia: Beyond the ASEAN Way. Institute of Southeast Asian Studies, Singapur 2005, ISBN 981-230-261-1.
  • Jörn Dosch, Christian Wagner: ASEAN und SAARC. Entwicklung und Perspektiven regionaler Zusammenarbeit in Asien. Abera Verlag, Hamburg 1999, ISBN 3-934376-22-3.
  • Christoph Hein: ASEAN, der übersehene Riese - Essay. In: APuZ 40–41/2014, S. 10–14.
  • Michael Leifer: Dictionary of the Modern Politics of South-East Asia. Routledge, London 1996, ISBN 0-415-13821-3.
  • Stefan Rother: Normen, Identitäten und die Logik der Anarchie: Die ASEAN aus konstruktivistischer Perspektive. Arnold-Bergstraesser-Institut, Freiburg i. Br. 2004, ISBN 3-928597-41-8.
  • Gerhard Wahlers (Hrsg.): ASEAN and the European Union (PDF; 591 kB). Konrad-Adenauer-Stiftung, Singapur 2006.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: ASEAN – Biller, Videoen oder Audiodateien