Bruttoinlandsprodukt

Vu Wikipedia
Op dëser Kaart sinn déi Länner mam héchste PIB däischter markéiert.

D'Bruttoinlandsprodukt (Ofkierzung: BIP oder och PIB vum franséische Produit intérieur brut) ass d'Zomm vun de Wäerter vun alle Produktiounsgidder an Déngschtleeschtungen, déi an Zäit vun engem Joer an engem Land hiergestallt a geleescht ginn. Dobäi gi bei der Berechnung vum PIB nëmmen déi Produkter berücksichtegt, déi um Enn vun der Produktiounskette stinn. Domat gëtt verhënnert, datt s'an Tëscheschrëtt zweemol oder méi dacks gezielt kënne ginn.

Et ënnerscheet een tëschent dem Bruttoinlandsprodukt an dem Bruttoinlandsprodukt pro Kapp. Beim zweete gëtt den Total-PIB duerch d'Populatioun vum Land gedeelt. Sou léisst de PIB Réckschlëss iwwer d'Wirtschaftsmuecht vun engem Land zou, wärend de PIB pro Kapp op de Wuelstand schléisse léisst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]