Jakarta

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jakarta
Lokalisatiounskaart
Land: Indonesien
Geogr. Eenheet: Java
Koordinaten: 06° 16' 00" N
106° 48' 00" E
Fläch: 661,5 km²
Metropolregioun 7315 km²
Awunner: 10.562.088 (2020)
Héicht: 8 m
Zäitzon: UTC+7

Jakarta [dʒaˈkarta] (virun der indonesescher Orthographiesreform vun 1972 Djakarta geschriwwen) ass d'Haaptstad vun der Republik Indonesien a mat ronn 10,56 Milliounen Awunner (Stand 2020) déi gréisst Stad vun der Republik. Mat de ronn 34,37 Milliounen Awunner (Stand 2019) an der Agglomeratioun Jabodetabek ass et den zweetgréisste Metropolraum weltwäit.

D'Haaptstad huet de Status vun enger Provënz a gëtt vun engem Gouverneur regéiert. Offiziell gëtt d'Stad als Daerah Khusus Ibu Kota Jakarta („besonnesch Haaptstadregioun Jakarta“) gefouert.

Jakarta ass de politeschen, wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum vum Land. D'Bevëlkerung ass vu verschiddenen Originnen a besteet absënns aus Leit mat malaysescher, arabescher, indescher, hollännescher a chineesescher Ofstamung.

Am Januar 2022 huet d'indoneesesch Regierung zesumme mam Parlament decidéiert, eng nei Haaptstad mam Numm Nusantara op der Insel Borneo opzebauen. Déi nei Stad soll de 17. August 2024 (dem indoneseschen Onofhängegkeetsdag) ageweit a vun do un déi nei Haaptstad sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jakarta – Biller, Videoen oder Audiodateien