Golf vu Bengalen

Vu Wikipedia
De Golf vu Bengalen

De Golf vu Bengalen ass déi gréisst Mieresbucht op der Welt an den nordëstlechen Deel vum Indeschen Ozean. Graff gesinn huet en d'Form vun engem Dräieck a läit tëscht Indien am Sri Lanka am Westen, dem Bangladesch am Norden, an dem Myanmar an den indeschen Inselen Andamanen an Nikobaren am Osten. En huet eng Fläch vun ongeféier 2.173.000 Quadratkilometer.[1]

Op sengem déifste Punkt ass de Golf vu Bengalen 4.694 Meter déif.[1] Eng Rei grouss Flëss fléissen an de Golf, dorënner de Mahanadi, de Godavari, de Krishna, de Kaveri, de Ganges an de Brahmaputra[1]. Wichteg Hafestied sinn Chennai, Chittagong, Kalkutta, Visakhapatnam a Yangon.

Biller[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Golf vu Bengalen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 britannica.com: Bay of Bengal (gekuckt de 4. September 2016)