Aung San Suu Kyi

Vu Wikipedia
Aung San Suu Kyi
Aung San Suu Kyi visited the European Commission, met with Federica Mogherini (12) (cropped).jpg
Gebuer 19. Juni 1945
Rangun
Nationalitéit Myanmar
Educatioun SOAS University of London
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Mënscherechtler
Member vun FRCSEd
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Aung San Suu Kyi, op Birmanesch အောင္‌ဆန္‌းစုက္ရည္ [àuɴ sʰáɴ sṵ tɕì], gebuer den 19. Juni 1945 zu Rangun, ass eng Politikerin am Myanmar. Si setzt sech zanter de spéiden 1980er-Jore fir eng gewaltlos Demokratiséierung vun hirem Heemechtsland an.

D'Militärregierung huet si tëscht 1989 an 2010 am Ganze 15 Joer ënner Hausarrest gesat. 2016 gouf si Regierungscheffin an Ausseministesch, éier si no engem Militärputsch am Februar 2021 nees ënner Hausarrest gestallt gouf.

Vun 1988 bis 2011 war si d'Generalsekretärin vun der Nationaler Liga fir Demokratie (NLD), an zënter 2011 ass si d'Presidentin vun där politescher Partei.

1990 krut si de Sacharow-Präis an 1991 de Friddensnobelpräis.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Aung San Suu Kyi ass déi jéngsten Duechter vum Aung San, dem Papp vum modernen Myanmar. Si huet bis 1964 op der Universitéit vun Delhi studéiert a bis 1968 um St Hugh's College zu Oxford. Duerno huet si dräi Joer bei de Vereenten Natioune geschafft. 1972 huet si de Michael Aris bestuet, mat deem si zwee Kanner huet.

D'Suu Kyi gouf den 8. August 1988 international während dem sougenannte "8888 Uprising" bekannt, engem friddleche Volleksopstand. Duerno gouf si d'Generalsekretärin vun der NLD, déi si mat Hëllef vun e puer Genereel, déi d'Militärjunta kritiséiert haten, nei gegrënnt huet. Bei de Walen 1990 krut d'NLD 81% vun de Stëmmen, mee Resultat gouf annuléiert well d'Militärregierung refuséiert huet, hier Muecht opzeginn. Dëst gouf international schaarf verurteelt. D'Aung San Suu Kyi war scho virun de Walen vum Militär ënner Hausarrest gesat ginn an ass do, mat Ënnerbriechungen, tëscht 1989 an 2010 am Ganze 15 Joer bliwwen. Doduerch ass si zu enger vun de bekanntste politesche Prisonéierinnen op der Welt ginn.

2003 huet si en Attentat iwwerlieft, bei deem awer mindestens 70 Persounen, déi mat der NLD affiliéiert waren, ëmbruecht goufen.

D'NLD huet d'Walen 2010 boykottéiert. Doduerch koum et zu enger Victoire vun der Oppositiounspartei, déi der Militärregierung nostoung. Zwee Joer drop gouf d'Aung San Suu Kyi an d'Parlament gewielt an d'NLP krut 43 vu 45 eidele Sëtzer bei der Nowal 2012. Bei de Walen 2015 krut hir Partei 86% vun de Sëtzer am Parlament. D'Suu Kyi selwer konnt net Presidentin ginn, well hire Mann an hir Kanner eng auslännesch Nationalitéit hunn an d'Verfassung dat net erlaabt. Dofir krut si de Poste vun der Staatsréitin vu Myanmar, enger neier Funktioun an den Equivalent vun enger Premierministesch.

An hirer Roll als Staatsréitin gouf d'Aung San Suu Kyi vun enger Rei Länner, Organisatiounen a Perséinlechkeete fir hir Inaktioun beim Vëlkermuerd vun de Rohingya kritiséiert. Dee Vëlkermuerd war am Rakhaing-Staat, engem Deel vum Myanmar, an d'Aung San Suu Kyi huet refuséiert unzëerkennen, datt d'myanmarescht Militär verantwortlech fir d'Massaker war. Ënner hirem Leadership gouf Myanmar och fir Verfollgunge vu Journaliste kritiséiert. 2019 huet si d'myanmaresch Militär um Internationale Geriichtshaff géint all Uschëllegunge vu Vëlkermuerd un de Rohyinga verdeedegt.

D'Suu Kyi, där hir Partei d'Walen 2020 nees gewonnen hat, gouf den 1. Februar 2021 no engem Militärputsch verhaft. Trotz landeswäite Protester géint dee Putsch gouf si am Dezember 2021 zu véier Joer Prisong verurteelt. Am Januar 2022 krut véier weidere Joren, an am Abrëll 2022 gouf si der Korruptioun schëlleg geschwat a krut fënnef weider Joer Prisong. D'Vereent Natiounen, déi meescht europäesch Länner an d'USA hunn der Suu Kyi hir Verhaftung, d'Prozesser an d'Verurteelungen als politesch motivéiert verurteelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aung San Suu Kyi – Biller, Videoen oder Audiodateien