Hong Kong

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hongkong)
Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Hong Kong (chin. 香港 Xiānggǎng; op Lëtzebuergesch: Hafen dee gutt richt; Kantonesesch: Heunggong) ass eng Verwaltungszon mat Sonnerstatut vun der Volleksrepublik China.

Se läit op der chineesescher Südküst. De Finanz-, Geschäfts- a Kulturzentrum ass Victoria City. Déi gréisst Stad um ganze Gebitt ass Kowloon. Den Territoire besteet aus enger Hallefinsel, a méi wéi 200 Insele ronderëm. Fréier war dësen Territoire eng Kolonie vun der brittescher Kroun. En ass den 1. Juli 1997 vertragsgeméiss zeréck u China gefall, a steet haut ënner enger besonnescher chineesescher Verwaltung.

No där vum Deng Xiaoping entwéckelter Doktrin Ee Land, zwéi Systemer bleift dat demokratescht maartwirtschaftlecht System vun Hong Kong op d'mannst 50 Joer nieft dem kommunistesche System vun der Volleksrepublik China bestoen, sou datt d'Roll vun Hong Kong als groussen asiatesche Finanzzentrum geséchert bleift. Déi Autonomie erlaabt Hong Kong zwar seng eege Gesetzer, en eegenen Douanestarif a seng eege Wärung ze hunn, wat awer net verhënnert, datt d'Regierung vu Peking heefeg an d'Innepolitik agräift. Sou gëtt z. B. den ieweschte Verwaltungschef vun engem Walgremium gewielt, deem seng Zesummesetzung vun der Volleksrepublik China bestëmmt gëtt.

D'Skyline vun Hong Kong am Dezember 2007

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hong Kong – Biller, Videoen oder Audiodateien