Administration des douanes et accises (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Douane)
Administration des douanes et accises
Logo vun der Lëtzebuerger Douane
Douane
Land Lëtzebuerg
Secteur Zoll
Leedung Alain Bellot
Verwaltungssëtz Hamm
Adress 22, rue de Bitbourg
L-1273 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Finanzministère
Um Spaweck https://douanes.public.lu
Knäpplach-Ofzeechen

D'Administration des douanes et accises, oder kuerz d'Douane, ass nieft der Steierverwaltung (Administration des contributions directes), dem Enregistrement (Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA) an dem Kadaster (Administration du cadastre et de la topographie), eng Verwaltung, déi dem Finanzministère ënnersteet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Direktere vun der Douanesverwaltung[1][änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit wou Lëtzebuerg Member vum däitschen Zollveräin war (18. Februar 1842 - 30 Dezember 1918)

  • 1. Abrëll 1842 bis 1. August 1847: Gustav Schob
  • 1. August 1847 bis 4. Mee 1856: Karl, Freiherr von Reibnitz[2]
  • 1. September 1856 bis 1. Oktober 1857: Karl Theodor Olberg
  • 1. Oktober 1857 bis 1. Abrëll 1869: Wolf August von Lessing
  • 1. Abrëll 1869 bis 1. Januar 1876: Keller-Holl
  • 1. Januar 1876 bis Juli 1887: Hermannn Julius Stadler
  • 1. August 1887 bis 1. Juni 1893: Loehning
  • 1. Juni 1893 bis 1. Januar 1919: Auguste Jungebloedt

Duerno a bis zur Kreatioun vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun:

  • 1. Februar 1919 bis 1. Mee 1921: Norbert Dumont (als Member vun der Regierung mat der Gestioun vun der Douane chargéiert)

No der Kreatioun vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun:

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'Douane ass eng Verwaltung déi souwuel fiskal (= Erhiewe vu Steieren respektiv Taxen) wéi och net-fiskal Aufgaben huet.

Fiskal Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'Douane erhieft Zollsteiere fir d'Europäesch Unioun (EU) op Wueren, déi aus Net-EU-Länner iwwer Lëtzebuerg an den Europäesche Bannemaart importéiert ginn. Tëscht de Länner vun der EU brauch zanter 1968 keen Zoll méi bezuelt ze ginn.

Den Zoll gëtt vun der EU per Reglement festgeluecht a gëtt an der gesamter Europäescher Unioun d'selwecht erhuewen. 25 % vum Zoll däerf Lëtzebuerg hale fir d'Onkäschte vum Ophiewe vun de Steieren ze decken. Déi aner 75 % ginn an de Budget vun der Europäescher Unioun.

Net-fiskal Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Opbau a Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Volkswagen Caddy, Douanes

Direkter[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 4. Februar 2008 ass den Alain Bellot Direkter vun der Douanes- an Akziseverwaltung[3].

Inspektiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Transport
    • Brigade zu Lëtzebuerg (um Centre Douanier P+R Sud)
    • Brigade zu Waasserbëlleg
  • Santé
    • Brigade zu Schengen
    • Brigade zu Dikrech
  • ITM/Environnement
    • Brigade zu Dikrech
    • Brigade zu Rodange
  • Findel
    • Büro Lëtzebuerg-Flughafen
    • Brigade de Surveillance Passagers
    • Brigade Contrôle-Fret
  • Support
    • Motorrads-Brigade zu Capellen
    • Brigade zu Fréiseng
    • Brigade Scanner um Centre Douanier
  • Anti-Drogues
    • Brigade de recherches et d'appui cynotechnique (BRC)
    • Brigade de recherches et d'investigations (BRI)

Recette Büroen[änneren | Quelltext änneren]

  • Autossteier (zu Miersch)
  • Centre Douanier (um P&R Lux-Sud)
  • Centre de tri-Beetebuerg (nëmme Päck vun der Post)
  • Esch Uelzecht
  • Dikrech
  • Lëtzebuerg - Accises (nëmmen Tubak an Energiesteieren Elektresch, Gaz, Ueleg a Bensinn um P&R Lux-Sud)
  • Lëtzebuerg-Fluchhafen
  • Mäertert

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Die deutsche Zollverwaltung in Luxemburg 1940 bis 1944 - Versuch einer Rekonstruktion, Detlev Zukarelli, Asbl "Lëtzebuerger Douane's Gewerkschaft - LDG", 2008, ISBN 978-2-9599-735-1-2
  • La douane luxembourgeoise - hier et aujourd'hui, 2007, Jean-Pierre Reuter an aner Auteuren, ASBL "Musée des douanes et accises, Pétange, Heintz, 236 S., ISBN 978-2-9599735-0-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Administration des douanes et accises (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 'Les directeurs de l'Administration des douanes depuis le Zollverein jusqu'à nos jours' vum Joseph Schuller an '1889-1989: Centenaire: Caisse mutuelle de secours en cas de décès des fonctionnaires et employés de la douane du Grand-Duché de Luxembourg'. - [1989] P. 166-167
  2. [1] Hémecht]. Gekuckt de(n) 21 januar 2022.
  3. Administration des Douanes et Accises - Nomination. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-17.