Administration du cadastre et de la topographie
Ausgesinn
Administration du cadastre et de la topographie | |
---|---|
Den neie Sëtz vun der ACT zu Gaasperech | |
Kadasterverwaltung | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Kadaster, Topographie |
Leedung | Alex Haag |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress |
1, Rue Charles Darwin L-1433 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Finanzministère |
Um Spaweck | https://act.public.lu/fr.html |
D'Administration du cadastre et de la topographie, ofgekierzt ACT, am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch Kadaster genannt, ass eng Verwaltung vum Lëtzebuerger Staat, déi dem Finanzministère ënnerstallt ass. Wéi hiren Numm et seet, këmmert si sech ëm de Kadaster an ëm d'Topographie.
D'ACT hat hire Sëtz zënter 1948 an der fréierer Villa Leclerc um Belair zu Lëtzebuerg, an där de Lëtzebuerger Fuerscher an Erfinder Guillaume Justin Kroll säin experimentelle Chimieslaboratoire hat. D'Verwaltung ass de 24. Abrëll 2023 op Gaasperech geplënnert[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Déménagement et changement d’adresse. act.public.lu (18.04.2023). Gekuckt de(n) 14.03.2024.