Villa Leclerc

Vu Wikipedia
Villa Leclerc
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'38,196"N, 6°6'45,180"O

Villa Leclerc oder och nach Villa Madeleine[1] ass den Numm vun engem fréiere Wunnhaus um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Déi fréier Villa läit op Nummer 54 an der Avenue Gaston-Diderich.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Leclerc war e Geschäftsmann deen an der rue Mercier am Garer Quartier mat Baumaterial gehandelt huet.

Annonce am Lëtzebuerger Wort (06.09.1913)

Wéi et uganks vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg zu engem Bauboom koum, huet den Nicolas Leclerc 1906 op der westlecher Säit vun der Stad en Terrain vum Jean Bellion gesteet an huet do drop eng Duebelvilla baue gelooss. Iwwerdeems déi eng Hallschent vum Haus verlount gouf, huet d'Famill Leclerc an där anerer Hallschent gewunnt.

De Leclerc hat awer net nëmmen den Terrain fir seng Villa gesteet, ma e ganzt Areal dat hie lotisséieren a verkafe wollt. Hien huet d'Bauplazen an der Bel-Air-Straße ugebueden well dat gutt geklongen huet.

D'Gemeng Hollerech ass sech duerch en Tauschhandel mam Leclerc eens ginn an huet doropshinn 1913 d'Waasserleitung vu Märel bis an den Dauwelterwee[2] verlängere gelooss.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Villa déi vum Nicolas Leclerc gebaut gouf ass nom Éischte Weltkrich duerch Immobiliespekulatiounen e puermol verkaf ginn:

  • den 1. Dezember 1918 un de Jean Thomé ∞ Fina Wagener ;
  • de 25. September 1919 un de Léopold Hemmer ∞ Anne Peiffer ;
  • de 27. August 1924 un de Guillaume Kroll.

De Metallurgist Kroll deen ë. a. en neie Bläi-Aluminiumalliage entwéckelt hat, huet d'Villa dunn an e Laboratoire ëmgebaut an huet do geschafft a gefuerscht, virun allem iwwer den Titan an Alliagen dovun. Géint de Widderstand vun den Awunner konnt de Kroll keng Géisserei an der Villa installéieren. Nodeems en Deel vum Haus duerch dem Kroll seng Fuerschung explodéiert war, huet d'Haus missen renovéiert ginn an et gouf dunn nach e Stack drop gebaut.

1940 ass de Kroll an Amerika ausgewandert. Säi Laboratoire ass 1948 liquidéiert ginn an am Juli huet sech de staatleche Veterinärlaboratoire am techneschen Deel vun der Villa Leclerc néier gelooss iwwerdeems am November de Kadaster aus dem Hotel de Gerden an de Wunndeel vun der Villa geplënnert ass. Déi zwou Verwaltunge si bis haut nach am Gebai dran.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Kugener, „Zur Geschichte der Villa Leclerc“, an Ons Stad, Nr 98/2011, S. 42-43
  • Emil Haag, „Guillaume Kroll (1889-1973) et la Villa Leclerc - Un grand scientifique méconnu au Luxembourg“, an Ons Stad, Nr 98/2011, S. 41

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Leclerc – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • „Introduction du Cadastre au Luxembourg“ op www.act.public.lu, der Internetsäit vum Kadaster (fir d'lescht gekuckt de 27. Januar 2015)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. benannt no der Madeleine Schreiner, der Fra vum Bauhär vun der Villa, Nicolas Leclerc
  2. 1913 huet d'Strooss nach Dauwelterwee geheescht, méi spéit war et dunn d'Rue Bel-Air ier se 1947 an Avenue Gaston-Diderich ëmgenannt gouf