Hollerech

Vu Wikipedia
Hollerech
Vue op Zéisseng (ënnen, virun den Zuchschinnen), Hollerech (hannert de Schinnen), Märel (hanne lénks) a Belair (hanne riets)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hollerich
de: Hollerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 7.699
  31.12.2022
Fläch 159,99 ha
Héicht 293,9 m
Koordinaten 49° 35’ 56’’ N
      06° 07’ 12’’ O
Vun der Autobunn A4 a Richtung Hollerecher Kierch gekuckt (2016)

Hollerech ass eng fréier Gemeng an ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg. E läit am Südweste vun der Haaptstad.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Hollerech ass 159,99 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 255,8 an 293,900 m. De Quartier grenzt am Norden un de Belair an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Uewerstad, d'Gare, Gaasperech, Zéisseng a Märel.

D'Zéissenger Baach an d'Péitruss lafen duerch de Quartier.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt déi éischt Uertschaft do tëscht dem 5. an dem 10. Joerhonnert entstanen ass. D'Par Hollerech gouf et schonn ëm 980. Deemools goufen Nimm wéi Holdrig oder Holrich gebraucht. Eng méiglech Erklärung vum Numm kéint och déi fréier St-Ulrichs-Kierch am Stadgronn sinn. De Gronn huet deemools zur Par Hollerech gehéiert an aus „Ulrich“ kéint iwwer „Ullerich“ an „Hullerich“ schlussendlech „Hollerech“ entstane sinn.

Hollerech war bis 1920 eng eegestänneg Gemeng am Dall vun der Péitruss, ier se dunn duerch Gemengefusioun un d'Stad Lëtzebuerg ugeschloss gouf[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Hollerech.

Laang Zäit war Hollerech eng industriell Plaz. D'Hollerecher Schmelz (Servais-Schmelz) vun de Bridder Philippe Servais a Bernard Servais huet mat hiren dräi Héichiewen am Joer 1883 de Produktiounsmaximum vun 19.270 Tonne Stol erreecht. 1886 ass d'Schmelz definitiv zougemaach ginn an 1898 huet sech op där Plaz e Gaswierk etabléiert, d'Hollericher Gaswerk A.G.[2]

Am Zweete Weltkrich krut déi Hollerecher Gare eng traureg Reputatioun. Vun do aus sinn d'Zwangsrekrutéiert fortgefuer a Famille vu politesche Prisonéier an Nazi-Däitschland ëmgesidelt ginn. Nach haut erënneren den Deportatiounsmemorial an e Monument nieft der fréierer Gare un déi däischter Zäit aus der Lëtzebuerger Geschicht.

Mam Bau vun der Escher Autobunn (A4) uganks den 1970er Joren an der Op- resp. Offaart zu Hollerech, hunn eng Partie Haiser missten ofgerappt ginn an de Quartier ass u sech an zwee gedeelt ginn. Haut ass Hollerech bekannt als „Paart“ vun der Escher Autobunn an d'Stad eran, als de Quartier mam Park-and-Ride Bouillon, der Busgarage vun der Stad Lëtzebuerg, mam Sëtz vun der Banque internationale à Luxembourg (fréier Dexia-BIL), vun der Vereenegung vun de Krankekeesen, vun eeleren industrielle Sitten (Paul Wurth an Heintz Van Landewyck), awer och als Treffpunkt am Stater Nuetsliewen.

An der 2. Hallschecht vun den 2010er Jore goufe Pläng virgestallt, d'fréier Sitte vu Paul Wurth an Heintz Van Landewyck nei ze bebauen, mat virun allem Wunnenge fir bis zu 4.000 Leit.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nei Hollerech.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Monument aux morts vum Lucien Wercollier, 1965 ageweit
Gebai vun der BIL a Foussgängerbréck iwwer d'Péitruss zu Hollerech

Enn 2010 hunn zu Hollerech 5.961 Leit gewunnt. Op den 31.12.2022 waren et der 7.699. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 25,68 % géintiwwer 74,32 % Auslänner[3].

Hollerecher no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 7 699 100,00
1 Lëtzebuerg 1 977 25,68
2 Frankräich 1 352 17,56
3 Portugal 739 9,60
4 Italien 600 7,79
5 Belsch 297 3,86
6 Spuenien 273 3,55
7 Däitschland 217 2,82
8 Rumänien 157 2,04
9 Indien 141 1,83
10 Vereenegt Kinnekräich 121 1,57
Top 10 5 874 76,30
Aner Nationalitéiten 1 825 23,70

Bekannt Hollerecher[änneren | Quelltext änneren]

De fréiere Gasometer zu Hollerech (2011)
Déi fréier Gebaier vun de Sozialversécherungen op der Escher Strooss

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Etringer, Norbert, 1989. Liebes, altes Hollerich. Verlag Emile Borschette, 172 S. Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg.
  • Etringer, N. (Koord.), 1983. 1000 Jor Por Hollerech 983-1983. Dréckerei J.M. Watgen, Hollerech, 156 S.
  • Etringer, Norbert, 1965. Hollerich. Tatsachen aus der Geschichte einer Vorstadtgemeinde. In: Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965, S. 17-63. Dréckerei Jos Ewen, Lëtzebuerg-Hollerech. 64 S.
  • Fernand Théato, 2006, D'Stéifkand Hollerech an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 48-51

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-13.
  2. Arrêté grand-ducal du 26 octobre 1898 qui autorise l'établissement de la société anonyme «Hollericher Gaswerk» et en approuve les statuts. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-15.
  3. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.