Nei Hollerech

Vu Wikipedia

Nei Hollerech ass e privaten urbanistesche Projet an der Stad Lëtzebuerg, an de Quartiere Gare an Hollerech.

Dobäi sollen op de fréieren Industrieterraine vun Heintz Van Landewyck a Paul Wurth S.A., tëscht der J.-Pierre-Buchler-Bréck an der fréierer Verwaltung vun der Gesondheetskeess an der Escher Strooss, op knapps 20 Hektar, 2.800 Wunnenge fir eng 4.000 Leit entstoen[1],[2].

De PAP 'Nei Hollerech' gouf Enn Juli 2021 vum Stater Gemengerot ugeholl. D'Haaptgebai vun Heintz Van Landewyck, am Art-Deco-Stil, blouf erhalen a gouf a Büroen ëmgebaut;[3] an och de Heentze Park, deen zanter 2019 als nationaalt Monument klasséiert ass,[4] bleift bestoen a gëtt an de Projet mat integréiert.

Als éischt gouf am Hierscht 2023 mat de Virbereedunge fir de Bau vun 2 Projeten direkt niewent dem Park ugefaangen: 'Josephine' vu Landimmo, mat 100 Wunnengen, Büroen a Geschäftsfläch (Architektebüro Witry&Witry mat Dressler, Mayerhofer und Rössler), an deem vun Iko Real Estate mat Thomas&Piron Luxembourg iwwer 8.600 Quadratmeter Bürofläch, 35 Wunnengen a 4 Geschäftsflächen.[5] Gläichzäiteg goufen d'Ofrappaarbechte vum fréiere Gebai vun der CNS, weider westlech, an Ugrëff geholl.[6]

Et besti weiderhi Pläng, fir eng nei Tramslinn, déi vun der T1 op der Gare ofzweigt, duerch Nei Hollerech ze féieren.[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "A la place de la manufacture de tabac: Des logements neufs pour 4.000 personnes à Hollerich." wort.lu, 12.05.2016.
  2. Ruppert, R., 2020. Die Hauptstadt wächst weiter Luxemburger Wort vum 15. Dezember 2020, S. 25.
  3. "La capitale anticipe sa croissance future." wort.lu, 15.12.2020.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  5. David Thinnes: "100 Wohnungen beim Park Landewyck." wort.lu [w+], 25.10.2023.
  6. Diane Lecorsais: "Abschied vom gelb-grauen 1980er-Jahre-Charme." wort.lu, 25.10.2023.
  7. Sabrina Backes: "Vun der Gare op Hollerech, vun der rouder Bréck an de Quartier "Laangfur". rtl.lu, 10.03.2022.