Parc Heintz (rue de Hollerich)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat Park vun Heintz Van Landewyck am Garer Quartier. Fir de Skulpturepark vun der BIL zu Hollerech, kuckt w.e.g. Parc Heintz (route d'Esch).
Den Heentze Park op der Gare

De Parc Heintz, oder Heentze Park, wéi en och nach op Lëtzebuergesch genannt gëtt, ass e private Park am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. De Park huet eng Fläch vun ongeféier 1,3 Hektar a läit beim Sëtz vun Heintz Van Landewyck, tëscht der Hollerecherstrooss an der Rue de l'Industrie.

De Park huet den Numm vum Joseph Heintz, Industriellen a Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, deen de Park nieft der Tubaksfabréck uleeë gelooss hat, fir datt d'Mataarbechter sech do erhuele kéinten. D'Piscine am Park ass net nëmme fir d'Erhuele geduecht, mä späichert och Läschwaaaser fir de Fall vun engem Feier.

De Park ass net ëffentlech zougänglech, e ka just am Kader vun enger Visite guidée besicht ginn.

Am westlechen Eck vum Park stinn d'Arkade vun der Haaptwuecht, engem Gebai dat an der Festungszäit op der Plëss stoung. Et war sengerzäit en eestäckegt Gebai, an deem d'zentral Garde vun der Festung etabléiert war. Virun der Wuecht waren Arkaden a do virdrun eng Terrass, déi mat Placke beluecht war a vu massive stenge Borne bewaacht gouf, déi mat décke Kette verbonne waren. Wéi 1902 d'Garde ofgerappt gouf, fir dem neie Cercle Plaz ze maachen, huet de Joseph Heintz d'Gestengs ofkaaft an d'Arkaden erëm a sengem Park opbaue gelooss.

2018 gouf bekannt gemaach, datt e grousse Wunnengsbau-Projet um Site geplangt ass. Am PAG, deen d'Gemeng Lëtzebeurg zréckbehalen huet, ginn de Park, d'Haaptwuecht an aner historesch Gebaier an de Projet integréiert.[1] De Park a verschidden Objeten dra goufen den 3. September 2018 virgeschloen, als nationaalt Monument klasséiert ze ginn.[2]

Skulpturen am Park[änneren | Quelltext änneren]

Am Park stinn eng Rëtsch Skulpture vum Auguste Trémont.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parc Heintz (rue de Hollerich) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "De Parc Heintz van Landewyck - De leschte grousse private Park, deen et nach an der Stad gëtt." rtl.lu 23. September 2018.
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 25. Oktober 2018).