Plëss d'Arem

Vu Wikipedia
Plëss d'Arem
Op der Plëss (Januar 2023)
Ënnerhal vu(n) Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Koordinaten 49°36'40,94"N, 6°7'44,25"O
Geschicht

D'Plëss d'Arem, dacks och nëmme Plëss genannt, offiziell Place d'Armes, ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Do stoung fréier eng Kasär. Zanter dem Joer 1671 gouf d'Plaz als Paradeplaz benotzt, nodeem franséisch Truppen ënner dem Gouverneur Jean Charles de Landas d'Plaz mat Lanne beplanzt haten.

D'Plëss fréier[änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz vun den Zaldoten[änneren | Quelltext änneren]

Zeechnung vum Michel Engels: D'Haaptwuecht.
D'Haaptwuecht gëtt ofgerappt
Parad vun de franséischen Truppen (1918)

„Eng Plaz war e Sonnestral, e Strapp frësch Loft‚ eng gréng Illusioun!… d'Stad hat dräi Plazen: déi kleng Plaz vum Fëschmaart, d'Wëllemsplaz oder de Knuedler an d'PLËSS.

Dës war net grouss, mä si huet eng wichteg Roll an der Stad gespillt. Si war e rechtwénkelege Véiereck, mat enger doucer Pente, an der Mëtt louch Pawee, ënnen an uewe war eng Allee, déi am Schied louch vun enger duebeler Rei vu Käschtebeem. Des Beem waren d'Gléck vun de Bouwen. Am Fréijoer hu si Kiewerleke geliwwert an am Hierscht Käschten.

Dräi Stroosse si ronderëm d'Plëss verlaf. Déi véiert Säit gouf vun der Haaptwuecht begrenzt; et war en eestäckegt Gebai dat 1827[1] gebaut gouf. Virdru waren Arkade an eng Terrass, déi mat Placke beluecht war a vu massive stenge Borne bewaacht gouf déi mat décke Kette verbonne waren.

Et war verbueden dohin ze goen, mä d'Plaz huet keng Verdeedegung gebraucht. De Wuechtzaldot deen déi ganzen Zäit op- an ofgaangen ass, d'Zaldoten déi virun den Arkade souzen, virun deenen donkele Kummeren – wann de Wiechter Heraus! geruff huet, hu sech op d'Bëndele mat de Gewierer gestierzt an d'Waffe presentéiert – dat alles huet dofir gesuergt datt keen ze no gaangen ass, souguer d'Frechdachsen net. Op der aner Säit vun der Plaz, déi vis-a-vis vun der Garde war, stoung d'Haus vum Militärgouverneur. Do sinn och een oder zwéin Zaldoten op- an ofgaange fir der Häerschaft nach méi Prestige ze ginn an dofir ze suergen datt se hir Rou huet[2]”.

„D'Geschicht vun der Plaz geet bis an d'17. Joerhonnert zeréck. Virun der Gefor vun de Fransousen hunn d'Befestegungsanlage misse verbessert ginn. De Generalgouverneur aus Holland, de Comte de Monterey, an de Militäringenieur Louvigny hunn dofir 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss an hir Awunner an d'Uewerstad ëmquartéiert, do wou soss d'Gäert vun de Franziskaner an de Jesuitte waren. D'Plëss an déi néi Stroosse goufen den 10. August 1671 feierlech ageweit.

Bis an d'19. Joerhonnert huet d'Plaz hire Militärcharakter behalen. An der Woch stounge just e puer Zaldote Wuecht ënnen an uewen op der Plëss. Samschdes haten eng zwanzeg Zaldoten aus der Garnisoun Waassercorvee an hu missen, sou wéi Hamsteren, dat grousst Rad am Pëtz undreiwen. Den Uewerbau vum Pëtz ass 1867 ofgerappt ginn, déi nei Waasserleitung huet de Buer iwwerflësseg gemaach, dat déift Lach bis an de Péitrussdall ass nach ëmmer do. Sonndes war grouss Parad, da sinn d'Infanteriebataillounen amarschéiert, un der Spëtzt d'Militärmusek. No dem Londoner Kongress sinn d'preisesch Truppen ofgezunn an de Lëtzebuerger Jeeërbatailloun huet d'Haaptwuecht ageholl bis 1881. Vun do un hu sech d'Police an d'Pompjeeën do etabléiert.

1902 ass d'Garde ofgerappt ginn, fir dem neie Cercle Plaz ze maachen. De Joseph Heintz-Michaelis huet d'Gebai ofkaaft an a sengem Park zu Hollerech erëm opbaue gelooss‚ wou et haut nach steet[3]”.

D'Plaz vun der Bourgeoisie[änneren | Quelltext änneren]

„Am 20. Joerhonnert, huet d'Bourgeoisie d'Plaz vun de Zaldoten ageholl, a just Concerte vun der Militärmusek hunn nach un déi militäresch Vergaangenheet erënnert. Den éischte Kiosk ass 1875 um ale Parvis vun der Haaptwuecht opgeriicht ginn, eng aachteckeg metalle Konstruktioun. D'Garnisounsmusek, d'Stater Fanfaren an d'Betribsorchestere vun der Schampeskellerei Mercier a vu Paul Wurth hunn hei eng Traditioun ugefaangen, déi bei de Lëtzebuerger séier beléift war. 1936 hat den ale Kiosk ausgedéngt, hie gouf ofgerappt an zu Hesper virun der Kierch erëm opgeriicht. D'Plëss krut en neie Kiosk, méi grouss a prestigiéis, op der anerer Säit vun der Plaz.

Et schéngt esou, datt déi jonk Leit vun de Sonndes- an Donneschdesconcerte profitéiert hu fir mat dem anere Geschlecht Bekanntschaft ze maachen. D'Jonge si ronderëm de Kiosk getrëppelt, am Sënn vun den Zäre vun enger Auer, an d'Meedercher deen anere Wee, esou si si sech méi dacks begéint.

D'Plaz‚ déi sech bis dohin net vill verännert hat, ass am Ufank vum leschte Joerhonnert duerch de Bau vum Cercle, dem Palais vun der Stad, beräichert ginn. Dëse prestigiéise Bau vum Pierre a Paul Funck war en Zeie vum wirtschaftlechen Opschwonk vun der Stad, déi sech vum Jach vum Militärwiese befreit hat, an déi voller Houfert dem Pierre Federspiel eng Fris fir d'Haaptfassad an Optrag ginn huet, déi d'Iwwerreechung vum Fräiheetsbréif vun der Gräfin Ermesinde am Joer 1244 duerstellt.

Op der anerer Säit vun der Plëss steet dee fréieren Hotel de Gerden. An der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert gebaut, war et noenee Wunneng, Residenz vum Festungskommandant, Privathaus, Verwaltungsgebai, Rechekummer a Cour des Comptes.

Am ale Gaart vun dësem Härschaftshaus ass 1903 e Monument opgeriicht gi fir d'Lëtzebuerger Nationaldichter Dicks a Michel Lentz[3]”.

Plaz vun de Butteker an der Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

„D'Butteker vun der Plëss a vun den Nopeschgaasse waren dacks Traditiounshaiser déi méi Generatioune bekannt waren. De Jacques Lamort huet 1818 op der Nr. 3 vun der Plaz eng Dréckerei opgemaach. 1852 huet de Buchhändler Victor Buck d'Dréckerei iwwerholl fir e puer Joer méi spéit an d'Paschtoueschgaass ze plënneren. 1889 installéiert sech d'Dréckerei Beffort op Nr. 3. D'Traditioun gouf gebrach wéi d'Gebai an e Fënnefstärenhotel, den Hôtel Le Place d'Armes, deen 2012 opgaangen ass, ëmgebaut gouf. Aner Haiser waren Institutiounen an der Stad, d'Epicerie Glod-Volz, d'Pharmacie de la Licorne, À la Renommée vun de Gesëschter Heinck oder d'Miwwelhaus Capus bis datt do 1958 de Kino Cité gebaut gouf.

De fréiere Café Jentgen

Matt der Ausnam vum Cafe Jentgen, deen 1920 verschwonnen ass, wéi d'Miwwelhaus Bonn gebaut gouf, waren och d'Caféen an d'Restaurante vun der Plëss Traditiounshaiser. D'Famill Schmit-Hildgen huet 1894 de Grand Café opgemaach, den éischten zweestäckege Café, vum jonken Architekt Charles Müllendorf entworf. An den 1980er Joren ass aus dem Grand Café d'Brasserie L'Académie ginn a bei den Ëmbauaarbechten ass déi schéi Fassade mat Konschtkeramiken ewechkomm. Den Hotel Niedler war noeneen de Wimpy, d'Kofferpan, de Pub on the top, an duerno - bis Enn September 2019[4] - den Chi-Chi's. Den éischte Stack vum Café du Commerce war laang den Treffpunkt vum Chat noir (no 1914 La Mansard), eng Plattform vum Paräisser Cabaret inspiréiert, wou sech de Putty Stein, Fritz Fischer, Batty Fischer, Batty Weber, Jos Palgen, Edmond Faber an anerer getraff hu fir ze poteren, Kriticken ze schreiwen a satiresch an humoristesch Lidder ze komponéieren[3]”.

D'Plëss haut[änneren | Quelltext änneren]

Plaz fir z'entspanen

D'Plëss vum Cercle aus gesinn

„Am 20. Joerhonnert hu lues a lues d'Autoen op der Plëss d'Iwwerhand kritt, d'Plaz ass zum Parking degradéiert ginn. Iwwer Jore war d'Bild ëmmer dat selwecht, nëmmen datt d'Modelle gewiesselt hunn, bis datt 1969 d'ganz Plaz fir d'CircuIatioun gespaart ginn ass an datt d'Chimaysgässel an d'Paschtoueschgaass eng Foussgängerzon gi sinn. 1991 ass d'Montereysavenue derbäikomm.

Floumaart op der Plëss. Am Hannergrond den Hotel de Gerden

D'Beem si mat der Zäit ausgewiesselt ginn‚ fir d'éischt Platanen‚ du Lannen, Käschtebeem a Maasselter, mä hire Schied war an ass nach ëmmer beléift. Esou bal sech déi éischt Sonnestrale weisen, stiermen d'Stater an d'Touristen d'Terrassë vun der Plëss fir e gudde Pättche Miseler oder e Lëtzebuerger Humpen ze genéissen – och wann dës lokal Produiten ëmmer méi vun internationale Wueren ersat ginn. De Choix vun de Kichen ass grouss, vum Fast Food bis op gastronomesch Tempelen‚ vun der Lëtzebuerger a franséischer Kiche bis op italieenesch a mexikanesch Platen, et ass do fir all Goût a fir all Portmonni.

Joerhonnertelaang huet d'Plëss d'Arem vill gesinn‚ Belagerungen a Feiere vu Victoiren‚ grouss Hongersnéit a grausam ëffentlech Hiriichtungen‚ Staatsvisitten a Volleksfester‚ pompös Militärparaden a sprëtzeg Freedefeier. D'franséisch Revolutioun huet hei den éischte Fräiheetsbam opgeriicht an d'Nazibesatzer hir Truppe paradéiere gelooss. Hautdesdaags geet et manner streidereg zou, d'Plëss ass d'Bün fir Concerten a Stroossentheater‚ hei ass samschdes de Floumaart, am Hierscht de Bichermaart an Enn des Joers de Chrëschtmaart, hei fannen Demonstratiounen a Manifestatioune statt an et ass do wou ee sech Rendez-vous gëtt oder sech zoufälleg trëfft[3]”.

De Pëtz op der Plëss[änneren | Quelltext änneren]

D'Plack iwwer dem Pëtz

De Pëtz op der Plëss d'Arem gouf 1741 gegruewe fir d'Awunner vun der Festung mat Drénkwaasser ze versuergen. De Pëtz, dee 65 m. déif ass, geet duerch de Lëtzebuerger Sandsteen erof bis op d'Grondwaasser dat iwwer der waasseronduerchlässeger Schicht ënner dem Sandstee steet. De Pëtz ass mat enger Plack ofgedeckt, déi op de Pëtz opmierksam mécht. Den Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg, dee vun 1961 bis 1963 gegruewe gouf, ass duerch e Säitegank vun e puer Meter Längt mam Pëtz verbonnen.

Dicks-Lentz-Monument[änneren | Quelltext änneren]

Westlech nieft der Plëss, um Square Jan Palach, steet d'Monument Dicks-Lentz. „D'Monument ass entworf gi vum Georges Traus. De Sculpteur Pierre Federspiel huet d'Figure vum Aarbechter an dem Baueremeedche realiséiert esou ewéi d'Stele mat de Medaillone vun deenen zwee Dichter. Op der Stele ass de Refrain vum Feierwon agemeesselt an de Lëtzebuerger Léif trount uewendrop. D'Plaz heescht haut Square Jan Palach, als Erënnerung un den tschechesche Student, dee sech 1969 selwer verbrannt huet als Protest géint d'sowjetescht Nidderschloe vum Prager Fréijoer[3]”.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plëss d'Arem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. René Clesse, Die Hollericher Belle Epoque an: Ons Stad Nr 57/1998 S. 12
  2. Elise Lamort, Baronne de Gail (1854 - 1923), an hire Jugenderënnerungen, „Souvenire” vun der Plëss, aus der Zäit tëscht 1860 an 1867
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Jean Reitz, 2016, „La Place d'Armes et le Cercle“, Photothèque de la ville de Luxembourg, S. 10-13, ISBN 978-2-9599812-6-5
  4. "Chi-Chi's"-Restaurants in Luxemburg machen ihre Türen zu. wort.lu (24/09/2019). Gekuckt de(n) 29/09/2019.