Diskussioun:Plëss d'Arem

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei ass e Lemma virginn dee komplett aus der Rei trëllt

Et gëtt keng Plëss d'Arem et gëtt d'Place d'armes oder einfach de Plëss. Les Meloures 00:20, 4 Mäerz 2007 (UTC)

"Dicks-Lentz-Monument" steet iwwerhaapt net op der Plëss. Dat steet um Square Jan Palach. --Cornischong 08:29, 14 Mee 2007 (UTC)

@ Les Meloures: ech hun einfach déi roud Linke benotzt déi ech am heefesten fonnd hunn. An awer ass den Titel net esou schlëmm, vu datt awer di meescht Lëtzebuerger d'Plëss och Plëss d'Arem nennen... mat engem einfachen Redirect musst dat dann och geléist sinn, oder mengs de datt dat wierklech definitiv geläscht muss ginn? --JimHawk 08:52, 14 Mee 2007 (UTC)
Gudde Moien,
1) Redirecten ass jo keng schlecht Iddi.
2) Ech fannen och net datt et wierklech definitiv muss geläscht ginn soss hätt ech dat proposéiert.
3)Ech wollt nëmme just drop hiweisen datt déi Stater, mol ëmmer de Plëss an um Plëss gesot hunn. Anscheinend ass dat haut net méi esou.
4)Bei enger Nofro bei eisen Dictionnaires Editeuren DFL an DLW iwwer verschidde Schreifweisen an hiren zwéin Dictionnaire krut ech als Äntwert datt ons Sprooch sech permanent géif veränneren. Dofir hu mer anscheinend déi Abberzuel Schreifweisen a verschiddene Bichelcher, wou awer leider ni e Kommentar oder eng Begrënnung derbäi steet, firwaat dat gëännert huet. Ech krut just als Äntwert zu den Ënnerscheeder gesot: an dräi Joer hu scho rëm verschidde Saache geännert. Ech sinn elo gespaant wéi et mat der nächster Editioun ass. Do wäert sech dann an engem halwe Joer villes geännert hunn. D'Lëtzebuerger sinn anscheinend deeër ganz schneller.
5)An deem Sënn ass mäin éischte Saz vun hei uewen driwwer och net ganz standfest, a sou laang wéi mer keng méi laang Hoer an der Zopp hunn, ass fir mech d'Saach, och esou dann an der Rei. Les Meloures 09:20, 14 Mee 2007 (UTC)

Gänseféisercher[Quelltext änneren]

Moien, Mir ass opgefall, datt eng Rëtsch Abschnitter am Artikel mat Gänseféisercher < „ > ufänken, se ginn awer ni zum Schluss gesat. A firwat ginn se iwwerhaapt hei gesat? Ass et en Zitat? Da misst jo och den Auteur ugi ginn. GilPe (Diskussioun) 15:49, 7. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Kuck mol einfach am Historique wie se dra gesat huet, an de freets de deen. :-) :-) Et fängt un an dëser Versioun un Versioun vum 31. Juli 2016 --Les Meloures (Diskussioun) 16:53, 7. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

OK, déi war gutt... ;-) Merci. Ass elo erëm riicht gebéit. GilPe (Diskussioun) 19:27, 8. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]