Op den Inhalt sprangen

Rond-point Robert-Schuman

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rond-Point Robert-Schuman)
Rond-point Robert-Schuman
Numm fr: Rond-point Robert-Schuman
Deel vun N52
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg
Postcode 2525
Koordinaten 49° 37’ 01’’ N
      06° 07’ 33.9’’ O
Genannt no Robert Schuman

De Rond-point Robert-Schuman ass eng ronn Plaz um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg op där fënnef Stroossen zesumme kommen:

D'Nationalstrooss 51 verleeft a West-Ost-Richtung als Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point Schuman erduerch a verbënnt de Boulevard de la Foire mam Boulevard Robert Schuman.

Pläng, fir sou eng Ënnerféierung aus zweemol enger Spuer ënnert dem Rond-Point erduerch unzeleeën, fir de Verkéier vum Kierchbierg Richtung Areler an Escher Strooss (an ëmgedréint) méi flësseg ze maachen, goufen 1986 bekannt gemaach. Gläichzäiteg sollt uewendrop eng Rëtsch vu Sailen am Krees opgestalt ginn, déi zum Deel uewendrop matenee verbonne waren.[1] Den Tunnel gouf an de Joren dono gebaut; d'Sailen awer, well s'an de Lieserbréifsäite vun den Dageszeitunge staark kritiséiert goufen, net.

Och wann d'Plaz „Rond-Point“ an hirem Numm huet, sou ass keng Intersection à sens giratoire obligatoire, wéi dat fir e Kreesverkéier am lëtzebuergesche Code de la route virgesinn ass.

D'Plaz gouf 1963 nom Robert Schuman benannt[2]; de Schuman war e franséische Politiker a Matgrënner vun der CECA deen 1886 a Clausen gebuer gouf.

Dat eenzegt Gebai (Hausnummer 1) um Rond-Point Schuman ass de Groussen Theater vun der Stad.

Commons: Rond-point Robert-Schuman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Bernard Neis: Les autoroutes du Grand-Duché. In: d'Letzeburger Land 8. August 1986, S.6-7, op eluxemburgensia.lu.
  2. Henri Beck, 2002. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 70 (2002), S.28.