Op der Schmëdd (Stad Lëtzebuerg)
Ausgesinn
Numm | lb: Op der Schmëdd |
---|---|
Längt | ca. 15 x 15 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gronn |
Postcode | 1645 |
Koordinaten |
49° 36’ 30.2’’ N 06° 08’ 06.0’’ O |
Op der Schmëdd ass den Numm vun enger Plaz am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. Se läit westlech vun der Kräizung wou d'Tilleschgaass, den Neie Wee an d'Mënsterstrooss openee stoussen.
Vun der Schmëdd aus kann ee mam Lift an d'Uewerstad fueren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Um ënneschte Wupp vum Gronnbierg stoung bis 1871 d'Grënnesch Paart, eng Paart an der 3. Rankmauer vun der Festung. An der Géigend vun der dëser Paart huet sengerzäit e Schmadd gewunnt deen der Paart eng laang Zäit och den Numm Smyetgesporte oder Clensmytgesport ginn huet, Bezeechnungen déi schonn an Dokumenter vun 1329 a 1448 opdauchen. Den Odonym vun der Plaz ass deemno eng Referenz op deem seng Schmëdd.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Op der Schmëdd (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |